Zanter 1988 gëtt et den Ellergronn als Naturschutzgebitt. Et ass och en Natura-2000-Gebitt. Fréier goufen et hei Minnen aus deenen Eisenäerz ofgebaut gouf. 1967 war domadder Schluss. Haut eruewert sech d'Natur d'Gebitt zeréck.
Den Ellergronn an der Hiel zu Esch erstreckt sech iwwer eng Fläch vun 110 Hektar.
Natura-2000-Gebidder si ganz uechter d'Land verdeelt. De Gréngewald, de Mamer-Äischdall, den Ourdall. Et ginn awer och Fiichtgebidder ewéi den Haff Réimech mat de Baggerweieren.