
D’Police huet un der Adress zu Bouneweg, wou d’Affer gewunnt soll hunn, effektiv eng Läich fonnt. Bei der Verstuerwener huet et sech ëm eng 63 Joer al Fra gehandelt. D’Police konnt ee Verdächtegen identifizéieren an huet dëse festgeholl. De 34 Joer ale Mann gouf e Sonndeg dem Untersuchungsriichter virgefouert. De presuméierten Täter gouf nom Verhéier wéinst Mord, respektiv Doudschlag, ugeklot a koum an Untersuchungshaft. D’Section Homicide vun der Police huet d’Enquête iwwerholl a soll déi genee Ëmstänn klären.