Nach ëmmer wieren d'Lëtzebuerger Studente mat enger Rei Problemer an hirem Alldag konfrontéiert, déi zu onnéidege Komplikatioune féiere kéinten.

Am Hibléck op d’Chamberwalen huet d’Studentevereenegung ACEL hir Fuerderunge virgestallt. D’Walen entscheeden, wien déi nächst fënnef Joer d’Land weider gestallten dierf an an dëser Gestaltung sollten d’Studenten net vergiess ginn, seet d’ACEL-Presidentin Ann Bertemes.

ACEL-Fuerderungen / Rep. Sabrina Backes

Ënnert anerem ass et em den ëffentlechen Transport am ln- an Ausland gaangen, deen nach net attraktiv genuch wier. De Sekretär vun der ACEL, Gianni Di Paoli:

"Sief et wéinst inflexibelen Auerzäiten, sëllegen Ausfäll, Verspéidungen, zäitintensiv Trajeten, oder och grouss Präisdifferenzen, jee nodeem wou een hiwëll. Dofir muss den ëffentlechen Transport an d’Unisstied méi attraktiv gestalt ginn a mir fuerderen och eng zukünfteg Regierung op, sech weiderhin an intensiv mat dëser Problematik auserneen ze setzen an och d’Zesummenaarbecht mat de Nopeschlänner weider auszebauen."

Iwwerdeems ass et ëm d’Zukunft vun der Studentefoire gaangen. Dës hätt sech an deene leschte Jore verännert, d’Presidentin vun der ACEL Ann Bertemes:

"Ëmmer manner Universitéiten si physesch op der Studentefoire vertrueden a si leider just op der Online-Plattform, déi et zënter Covid gëtt, vertrueden. Mir als ACEL géingen et begréissen, wann d’Offer erëm a physescher Form op der Foire méi grouss gëtt. An dann och méi villfälteg gëtt. An och Unien, déi méi wäit fort sinn, erëm zréck op d’Studentefoire kommen datt all Schüler sech kann do informéieren, wou en am léifste wëll higoen."

Och fuerdert d’Studentevereenegung, dass den Accès op d’Unien vereinfacht sollt ginn. Schüler, déi zum Beispill an Holland oder Groussbritannien studéiere goe wëllen, sollen et manner schwéier hunn, fir un de gefuerderte Sproochecertificat ze kommen. Dëse wier ëmmer nach mat héije Käschte verbonnen an den Accès wier begrenzt.

Iwwerdeems sollte Studenten d’Méiglechkeet kréien, hir Depensen, déi wärend dem Studium ugefall sinn, wéi zum Beispill fir ee Laptop, bis zu 5 Joer nom Kaf op enger Steiererklärung deklaréieren ze kënnen. Wann een dann ufänkt mat schaffen, kéint een en Deel vun de Fraisen erëm kréien.