"D'Heescheverbuet an der Stad Lëtzebuerg däerf net a Kraaft trieden"

© Laurent Weber
Dat huet d’Innenministesch en Dënschdeg de Moien op engem Point Presse matgedeelt.
De Ministère hätt d’Reglement juristesch gepréift an déi Analys huet erginn, esou d’Inneministesch Taina Bofferding, dass déi den Artikel 42 vum Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg net géing approuvéieren. Dat ass deen Artikel, an deem et ëm en allgemengt Verbuet fir ze Heesche geet.
D’Inneministesch huet präziséiert, dass dat eng juristesch Decisioun wier a keng politesch Volontéit.
Dräi Argumenter, fir den Artikel ze refuséieren
Wéi et d’Gesetz virgesäit, ass d’Ministesch dru gehalen, d’Entscheedung ze motivéieren. Si huet der Press géintiwwer dräi "grouss Grënn" virgeluecht, wisou si dësen Artikel vun der Ville de Luxembourg "muss" refuséieren.
De Gemengerot dierft just e Verbuet per Policereglement ausschwätzen, wa géing eng Gefor fir d’Ëffentlechkeet bestoen. Dat wier bei der einfacher Mendicitéit awer net ginn. D’Gemeng Lëtzebuerg hat argumentéiert, dass d’Reglement wéinst der ëffentlecher Sécherheet an der Salubritéit sollt geholl ginn. Eleng e subjektiivt Gefill vun Onsécherheet, wa Leit heeschen, wier awer kee faktuelle Grond fir vu Gefor ze schwätzen, esou d’Inneministesch.
Aggressiivt Heeschen oder verschmotze vu Plaze wier awer ëmmer nach duerch de Code Penal verbueden. Domadder gëtt et kee Grond fir d’Mendicitéit allgemeng ze verbidden.
E weidere Grond, deen dozou gefouert huet, dass en Heescheverbuet juristesch net duerchzesetzen ass, wier, dass dëst net konform mam nationalen an internationale Recht wier.
Allgemengt Verbuet verstéisst géint Mënscherechter
Op internationalem Niveau läit eng Decisioun vum europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter vir, déi beseet, dass déi einfach Form vun Heeschen, also op der Strooss sëtzen an zum Beispill mat engem Becher no Sue froen, net dierf verbuede ginn. Dat verstéisst nämlech géint déi europäesch Mënscherechtskonventioun a schränkt déi perséinlech Fräiheet an.
Wat dat nationaalt Recht ugeet, esou ass déi einfach Mendicitéit 2018 explizitt aus dem Code Penale gestrach ginn. Et wier domadder kee juristesche Vide do, mee déi Entscheedung, d’Heeschen net an de Code Penale opzehuelen, ass deemools ganz bewosst vum Legislateur esou decidéiert ginn.
"Eng Gemeng kann an hirem Gemengereglement – an dat ass de sprangende Punkt – dofir net méi wäit goen, wéi dat wat de Gesetzgeber dozou regléiert huet", sot d’Inneministesch Taina Bofferding. D’Decisioun wier domadder ganz kloer.
Aner Gemenge mussen hiert Reglement elo och iwwerdenken
D’Gemengen Dikrech, Ettelbréck an Diddeleng, déi en änlecht allgemengt Heescheverbuet hunn an ob déi sech d’Stad Lëtzebuerg baséiert huet, mussen hiert Gemengereglement elo och upassen. Den Inneministère war mat dëse Gemenge schonn a Kontakt. Déi Dispositioun géing aus dem Reglement erausgeholl ginn. Allgemeng wëll de Ministère awer alleguerten d’Gemengen informéieren.
An enger oppener Gesellschaft dierft et net sinn, dass Leit ënnert e Generalverdacht falen, huet d’Ministesch Taina Bofferding nach betount. Déi äermst aus der Gesellschaft kënnen net einfach aus dem ëffentleche Bild verbannt ginn.