Bréngt e Wandmille-Projet zu Bierden d'Nordstad-Fusioun un d'Wackelen?
Kritik um Projet um Terrain vun der Gemeng Ettelbréck, direkt un der Grenz zu Ierpeldeng, suergt fir vill Kritik an der Nopeschgemeng.
De Buergermeeschter vun Ierpeldeng Claude Gleis huet d'Fro op enger Pressekonferenz opgeworf. Zesumme mat der Biergerinitiative "Energie mat Verstand" spueren déi Responsabel vun der Gemeng un der Sauer net mat Kritik, vis-à-vis vum Ëmweltministere, Soler an den Nopeschgemengen Dikrech an Ettelbréck. Ronderëm de Projet Wandmille géif et kloer un Transparenz an Dialogbereetschaft feelen.
D'Baugeneemegung ass ënnerschriwwe vum Ettelbrécker Buergermeeschter, fir am Ausgang vu Bierden, just nach op Ettelbrécker Territoire, eng Wandmillen opzeriichten: 230 Meter Héich. Méi héich, wéi den Dom zu Köln, sou d'Biergerinitiative. An dat Ganzt just 750 Meter vun den Haiser ewech, matzen an der Nordstad tëscht Waarken a Bierden. De Claude Gleis, Buergermeeschter vun Ierpeldeng, ass iwwerzeegt: "Do ginn et besser Standuerter." Ierpeldeng proposéiert och eng Alternativ op der anerer Säit vum Dall Direktioun Fridbësch.
De Gemengepapp ass awer virop rosen, well hie sech vu béide groussen Noperen iwwergaange fillt. "Dat Ettelbréck an Dikrech mordicus um Site bei Bierden festhalen a kompromësslos handelen. Dat sënnvoll alternativ Virschléi einfach ignoréiert ginn. Dat leider kee politesche Wëllen do ass, fir à long terme e gemeinsaamt Energiekonzept opzebauen. Alles dat ass Gëft fir e Vertrauensverhältnes tëscht Partner, tëscht dräi Kärgemengen aus der Nordstad," sou de Buergermeeschter vun Ierpeldeng, Claude Gleis.
Den Ettelbrécker Buergermeeschter reagéiert a weist sech iwwerrascht. De Jean-Paul Schaaf widdersprécht sengem Noper. Vun Ufank un hätt een de Schäfferot vun Ierpeldeng Informéiert a matagebonnen.
"Do war de Schäfferot au complet do. Mir hunn dat analyséiert. Mir hunn dat zesumme gekuckt an do war et net: 'Dat ass en No-Go. Mir maachen dat op kee Fall.' Et war och net: 'Mir informéieren de Gemengerot.' Do war et: 'Maacht déi Analysen emol weider. An dann am Kader dovun, wann dat méi konkreet gëtt, a wann ee besser weess, wat heescht dat doten. Wéi grouss kann dat sinn? Wéi gesäit dat aus? Vun der Distanz, vum Kaméidi, vun all den Naturschutz relevanten Elementer, da kënne mer jo da weider kucken.' A mir hunn eis dorunner gehalen."
Et ass also Ausso géingt Ausso.
Fakt ass: De Projet vun der Wandmille gëtt zum waarmen Eisen. Soss géif een u sech an der Nordstad gutt zesummeschaffen. Ma hei wier d'Zesummenaarbecht schlecht. "Sou schlecht, dat mir fäerten, dat eis Fusiounsgespréicher souguer a Fro gestallt sinn," seet de Buergermeeschter vun Ierpeldeng weider.
A säin Ettelbrécker Homologe reagéiert: "En Deel vun deene Bierger, déi eben do wunnen, déi soen: 'Déi Wandmillen do, dat mécht mir méi Suergen, wéi dat et mech berouegt. Ech sinn do duergéingt. Léiwe Gemengerot verhënner dat.' Dat eng Gemeng dat mécht, ech kann dat novollzéien. Ma et muss een awer eng Diskussioun féieren, déi vill méi wäit geet. Kenne mir d'Zukunft vun eisem Land? Vun der Klimakris? Vun der Energieversuergung? Kënne mir déi wierklech limitéieren op déi Quadratkilometer oder dee Kilometer, dee meng Vue imprenable ubelaangt?"
D'Member vun der Biergerinitiative hunn eng ganz Rei Bedenken opgeworf. Vun Infraschall iwwer Schall, deen een héiert, Schied, Brandgefor, bis Normen an Etüden. Mat dëser Konklusioun: "Flantermais oder e Gräifvugel kann zu Lëtzebuerg eng Wandmillen zum Kippe bréngen. Mä den Afloss op d'Gesondheet vun der Bierger ass emol net Objet vun Etuden," sou Georges Pott, Vizepresident Biergerinitiative "Energie mat Verstand"
Zanter dem 25. Februar beschäftegt den Dossier och d'Verwaltungsgeriicht.
Als Minister fir Energie a Landesplanung gëtt de Claude Turmes ze bedenken, datt mer an engem Rechtsstaat liewen. D'Firma, déi de Projet ëmsetze soll, hätt Geneemegungen ugefrot an déi och accordéiert kritt, souwuel wat den Naturschutz ubelaangt, wéi de Kommodo.
An de Minister weider: "Elo ass eng Plainte virum Gericht. Am Januar wäert d'Geriicht dat tranchéieren. An da gesi mer."