Si gëtt fräiwëlleg vu ville Leit bedriwwen.
Zanter iwwer 40 Joer gëtt et dëst Fiichtgebitt. Op dëser Plaz fënnt een eng grouss Unzuel u verschiddene Villercher, vill Amphibien a seele Brutvullen déi op de Schilf ugewise sinn.
An der Schlammwiss begéint een och dem Guckuck. Hien ass ee vun deenen éischte Villercher deen nees zeréck an Afrika flitt. Am Juli wäert de Guckuck fort sinn.
De Schilf ass eng wichteg Planz hei zu Lëtzebuerg. Eppes iwwer 100 Hektar Schilf gëtt et hei am Land. 25 Hektar Schilf fënnt een an der Schlammwiss.