Zënter November soll den ONA, de Service National de l’Accueil, bis op eng Ausnam, keng Ukrainer méi zu Hollerech ophuelen, wa se Hausdéieren dobäi hunn.

An dat obschonns Plaz wier, kritiséiert d’asbl "Déieren an Nout".

No offiziellem Verbuet um Kierchbierg, elo en inoffiziellen zu Hollerech?

Scho wärend dem Primo Accueil këmmert d’asbl sech ëm den Ukrainer hir Hausdéieren, well dës net méi an d’Zeltstad Tony Rollmann um Kierchbierg mat eran dierfen. Inoffiziell an anescht wéi vum Minister decidéiert, géif esou e Veto elo och am Flüchtlingsfoyer um Bouillon zu Hollerech applizéiert: wann do nämlech Ukrainer mat där selwechter Familljestruktur sech am Foyer géife presentéieren, géifen déi mat Déieren ofgewisen, sou d’Déiereschutzassociatioun.

"Deen eenzege Foyer an deem Déieren erlaabt sinn, weist Ukrainer mat Hausdéieren of!"…an dat schonn zënter November, behaapt d’Associatioun "Déieren an Nout". D’asbl. hëlleft den Ukrainer, wann e Mupp z.B. krank ass, oder fir e puer Deeg muss anzwousch ënnerbruecht ginn. Vum Primo Accueil un, an och zu Hollerech géif een asprangen, seet d’Cathy Laroche, déi reegelméisseg Fudder kafe geet a mat villen Ukrainer, déi hire Mupp oder d’Kaz mat bruecht hunn, a Kontakt ass.

RTL

Offiziell Zesummenaarbecht geplangt

Den Office National de l’Accueil an d’Caritas, wieren esouguer un enger offizieller Zesummenaarbecht mat hinnen intresséiert gewiescht, sou d’Associatioun, mee amplaz Neel mat Käpp ze maachen, géifen d’Diere vum Foyer fir déi mat Déier, elo einfach emol zou bleiwen. Den ONA dementéiert, bedauert d’Cathy Laroche déi sech mam beschte Wëllen net kann erklären, wat d’Ursaach vun dësem Refus kéint sinn. Virun allem well déi fréier Creos-Büroen, déi der Stad Lëtzebuerg gehéieren, extra fir Hausdéiere preparéiert gi sinn. Et goufen extra Zwinger opgeriicht, wéi ugangs an der Shuk, an den Ament sinn, dem ONA no, 8 Hënn an 10 Kazen dobannen. D’Déiere musse just all geimpft sinn.

"Déieren an Nout" ka just fir kuerz Zäit asprangen

De Vladimir huet 3 Nuechten mat sengen 2 Hënn am Gréngs laanscht d’Avenue kennedy geschlof, well de Primo Accueil um Kierchbierg, offiziell keng Déiere méi acceptéiert. D’asbl "Déieren an Nout" weess dat an hëlleft deene Concernéierten eng Iwwergangsléisung ze fannen. Fir déi puer Deeg bis d’Pabeieren an der Rei sinn, geet dat, seet d’Cathy Laroche; wann awer elo och Hollerech Déiere refuséiert, géife si un hir Limite stoussen – dobäi wier Plaz um Bouillon!

RTL

Zënter November wier Hollerech fir Déieren zou! D’Matching-Argument wier e Pretext.

"Säit November si keng nei Leit mat Déiere méi heihinner komm, mat enger Exceptioun", seet d’Cathy Laroche; eng schwanger Fra mat Déier wier opgeholl ginn, all déi aner mat Hausdéier wieren zu Hollerech ofgewise ginn, mam Argument, de Matching géing net passen. Si hätt Kontakt mat enger hallwer Dose Famillje mat verschiddene Familljestrukturen – an all Kéier géifen déi ouni Déier acceptéiert, déi mat Hausdéier net!

Dementi vum ONA

E Responsabele vum ONA dementéiert dat! Hollerech géing weider Ukrainer mat Hausdéieren unhuelen, de Mataarbechter wëllt awer net zitéiert ginn!

D’Caritas-Direktioun huet dunn op eis Demande hin nogefrot an eis matgedeelt, dass et géif keen offiziellt Schreiwes vum Office National de l’Accueil, dass keng Déiere méi sollen opgeholl ginn, an dass de 26. Mäerz dat lescht Hausdéier era komm wier – eisen Informatioune no ass dat déi Damm fir déi d’Ausnam gemat gouf.

A well déi vum ONA net gespréicheg waren, hu mer iwwert de Minister nofroe gelooss, an och dee krut op en neits geäntwert, Déieren wieren ëmmer nach wëllkomm, mee, wéi an deenen anere Foyeren, wier och an dësem déi lescht Méint wéineg bis keng Plaz  gewiescht.

RTL

Conclusioun: déi eng Säit kritiséiert eng Decisioun, déi déi aner Säit ni wëllt geholl hunn. Bis dohinner bleiwen an dëser Geschicht op d’mannst e batteren Nogeschmaach an nawell eng jett oppe Froen.