D'Parlamentaresch Versammlung vun der NATO zu Lëtzebuerg
De Weste misst sech drop astellen, iwwer Joerzéngt mat enger Aart neiem kale Krich liewen ze missen, esou den däitsche Professer Carlo Masala.
Parlamentarier aus den 31 Staate vun der Allianz a vu 16 Partner-Staate beroden iwwer de Krich an der Ukrain an deem säin Impakt iwwer Joerzéngt, op d'Relatioune mat Russland.
Fir d'éischt sinn et 31 Staaten.
Et ass eng vun den direkte Konsequenzen vun der russescher Invasioun vun der Ukrain. Net 30, ma 31 NATO-Staate sëtzen ëm den Dësch, bedéngt duerch de Rezenten Bäitrëtt vu Finnland.

© Jeannot Ries
Natierlech sinn d'Blécker op d'Delegatioun aus der Ukrain geriicht, déi nieft Länner wéi Süd-Korea, Israel, Georgien, der Schwäiz oder dem weidere Bäitrëttskandidat Schweden, zu de Staaten gehéieren, déi als Partner invitéiert goufen.
"Et sinn Friddensnobelpräis-Träger dobäi. Et sinn héichrangeg Kongress- a Parlaments-Member dobäi, déi all wëlle weisen, hei zu Lëtzebuerg: Mir stinn zesummen. Mir stinn hannert der Ukrain. Mir sti fir Fridden. Mir stinn fir d'Eegestännegkeet vun alle Länner a mir wëllen der ganzer Welt weisen, datt mir antrieden fir eis gemeinsam Demokratesch-Valeuren'' sou d'Lëtzebuerger Delegatiounscheffin Lydia Mutsch.
Mat Bléck op d'Ukrain, gouf e Samschdeg de Moien nach emol kloer: Déi nächst Méint wäerten entscheedend ginn.
Net just fir 43 Milliounen Ukrainer. A senger Presentatioun goung den däitsche Professer fir International Politik op der Bundeswehr Universitéit München, Carlo Masala, op d'Géigenoffensiv an, déi d'Ukrain den Ament preparéiert. D'Offensiv vun der leschter Chance fir e Land, wat net onendlech Zaldoten an Zaldotinne rekrutéiere kéint. De Professer huet erkläert wéi wichteg d'Krim bei dëser Offensiv gëtt, en Vue vu Friddensgespréicher. Eng Offensiv, wou d'Waffen-Arsenal vun der Ukrain weider limitéiert bleift. De Carlo Masala goung drop an, wat d'Konsequenzen och fir d'NATO sinn, am Fall wou Russland sech behaapte géif. Wou d'Schwächte vun der NATO sinn. Mat um Enn och dëse Konklusiounen.
Carlo Masala: "Wenn Russland sich militärisch in der Ukraine durchsetzt, haben wir keine Garantie, dass dieses Regime mit seiner Neo- imperialen Agenda, nicht in ein paar Jahren den Versuch unternehmen wird, noch weiter in der Ukraine vorzugehen oder auf die so genannten 'Unprotected States' also wie Transnistrien oder Moldawien, Georgien vorzugehen. Aber auch die baltischen Staaten sind nicht sicher."
Op d'Fro, ob déi aktuell Menace éischter just vum President Putin aus geet, oder ob se méi déif an der russescher Gesellschaft verankert ass, reagéiert de Professer vun der Bundeswehr Universitéit München esou:
"Nein. Es ist das Regime. Es ist nicht nur die Person Putin. Deswegen ist es auch ein Fehler von Putins Krieg zu reden. Es ist der Krieg Russlands. Weil auch so zu sagen dieser Krieg große Sympathien in der russischen Bevölkerung genießt. Also es wäre ein Fehler das nur aus die Person Putins zu konzentrieren. Es ist das Regime."
De Weste misst sech drop astellen, iwwer Joerzéngt, mat enger Aart neiem kale Krich liewen ze missen, wou manner eng militäresch Oprëschtung dominéiere wäert. Wou et éischter drëms goe wäert, d'imperialistescht Denke vu Russland anzedämmen. Eng Zäit, op déi sech d'NATO den Ament virbereet. Mëtt Juli gëtt déi nei Strategie um Sommet vun der Allianz, a Litauen, zu Vilnius virgestallt.