Ouni groussen Opwand nom Doud Liewe retten

Et ass jidderengem selwer iwwerlooss, ob e seng Organer nom Doud spende wëll oder net. Entscheet ee sech dofir, soll een dat awer däitlech kommunizéieren.
Zu Lëtzebuerg ass jiddereen e potenziellen Organspender, soulaang e sech zu Liefzäit net schrëftlech dogéint ausgedréckt huet. Dat ass esou am Gesetz festgehalen. An der Praxis ass dat awer net ëmmer sou evident. Dacks ginn déi Hannerbliwwe gefrot, wat de Wëlle vum Betraffene war. Wann dëst net bekannt ass oder schrëftlech festgehale gouf, läit d'Entscheedung bei den Hannerbliwwenen.
Dem leschte Stand no hu sech nëmmen 3 Prozent vun de Lëtzebuerger Awunner schrëftlech géint eng Organspend ausgeschwat. Dat huet de Minister fir Sozial Sécherheet Claude Haagen am November 2022 an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro matgedeelt.
Wei soll ech matdeelen, ob ech Organer spende wëll?
Eng offiziell Organspenderlëscht gëtt et zu Lëtzebuerg net. Et kann ee seng Entscheedung awer um "Passport de Vie" festhalen. Dëst ass eng Käertchen, esou grouss wéi eng Kreditkaart. Hei kann een dann ukräizen, ob ee seng Organer spende wëll oder net, a wien am Noutfall kontaktéiert soll ginn. Esou kann ee méi sécher sinn, dass den eegene Wonsch - am Fall wou - respektéiert gëtt.

Wichteg ass et, déi Käertchen ëmmer bei sech ze hunn a sengen Noosten och seng Entscheedung matzedeelen.
Wien dierf Organer spenden?
Am Prinzip ka jiddereen seng Organer spenden. Eng Altersgrenz gëtt et hei net. Duerno spillt awer och den Empfänger eng Roll. Sou mussen e puer Facteure vum Spender a vum Empfänger iwwertenee stëmmen.
Et ginn e puer Situatiounen, an deenen eng Organspend méiglech ass. An de meeschte Fäll ass de Spender Gehierdoud. D'Gehier ass hei duerch e schwéiert Trauma oder zum Beispill duerch eng Bluddung net méi genuch mat Sauerstoff a Blutt versuergt ginn. De Kierper kann da kënschtlech um Liewe gehale ginn, fir dass d'Organer erausgeholl a gespent kënne ginn.
A seelene Fäll kann ee seng Organer och no engem Häerzstëllstand spenden. Dat kënnt awer net dacks vir, well no engem Stëllstand déi aner Organer séier geschiedegt ginn a versoen.
Et kann een a konkrete Fäll och scho spenden, wann een nach lieft. Zum Beispill kann een engem Familljemember eng Nier spenden.
Organspende si komplett anonym a fir de Spender gratis.
Situatioun zu Lëtzebuerg
D'lescht Joer goufen zu Lëtzebuerg aacht Multiorganentname gemaach. 2021 goufen et zwou Spenden, 2020 dräi Spenden an 2019 fënnef Stéck. Am Ganze goufen 38 Organer vu Lëtzebuerg am Kader vun Eurotransplant transplantéiert. Dat geet aus dem Rapport vu Luxtransplant ervir.