Op RTL.lu hu mir virun e puer Wochen en Opruff gemaach, wéi eng Uertschaft an ärer Regioun een onbedéngt misst gesinn hunn a wat dorunner gefält oder net.

Déi zweet Destinatioun vun eisem RTL Duerfreporter läit am Süden. D’Lea Schwartz ass duerch Peppeng getrëppelt, huet d’Awunner no hirer Meenung gefrot an huet villes entdeckt.

Deel 1: Bartreng am Zentrum

De Start vun RTL-Serie, wou mer all Woch an engem aneren Duerf an enger anerer Regioun sinn, mécht mat Bartreng den Zentrum. Hei war de Philippe Dondelinger fir eis ënnerwee.