Mat 22 Joer krut de Julien Strasser en Häerz transplantéiert. Mir hu mat him iwwert säi Liewe virun an no der Operatioun geschwat.

De Julien Strasser ass 28 Joer al a schafft zanter ronn 8 Méint am Kommunikatiounsservice vun der Schëfflenger Gemeng. Hei këmmert hie sech ënner anerem ëm der Gemeng hir sozial Medien, d'Gestioun vum Internetsite an den Design vu Flyeren. Eng Aarbecht, déi him immens gutt gefält.
Beim Julien sengen Hobbye fënnt een engersäits déi, fir e jonken Erwuessenen typesch Fräizäitaktivitéiten: An der Zäit huet hien nach méi dacks Videospiller gezockt, ma zanter Covid trëfft hie sech reegelméisseg mat Frënn, fir mat hinnen Dungeons and Dragons oder aner Gesellschaftsspiller ze spillen.

Als fréiere Konschtstudent ass de Julien awer och ganz staark un der Konschtzeen interesséiert. Hie geet gäre Konscht kucken, och wann hien den Ament selwer awer net esou vill Konscht mécht, wéi hie gäre wéilt. Eppes, dat sech awer an nächster Zäit ännere soll.

Donieft spillt d'Musek eng grouss Roll am Julien sengem Liewen. Zanter 9 Joer ass hie Gittarist bei den Choppy Bumby Peaches. D'Musek vun der Band erënnert un de Psychedelic Rock aus den 1960er Joren, ma och Aflëss vu Surfrock sinn däitlech ze erkennen.

Esouwäit, esou gutt. D'Liewe vun engem ganz normale jonken Erwuessenen, wéi et der dausenden zu Lëtzebuerg ginn. Jo an awer iergendwéi och net. De Julien lieft nämlech zanter 6 Joer mat engem aneren Häerz ewéi deem, mat deem hien op d'Welt komm ass. Mä alles vu vir...

Mat 20 Joer gouf de Julien gewuer, wéi eng Krankheet hien huet

Wéi de Julien mir erkläert, ass hie mat enger rarer Krankheet, enger Muskelschwächt, déi een Laminopathie nennt, gebuer ginn. D'Krankheet mécht, dass de Kierper manner séier Muskelen opbaut, wat deementspriechend och eng Auswierkung op d'Häerz huet. Bei him huet sech dat ënner anerem doduerch geäussert, dass hien am Alter vu 16 bis 17 Joer ëmmer nees Häerzrhythmusstéierungen hat.

De Julien erkläert, wat bei enger Laminopathie passéiert

Ma dass hien dës Krankheet huet, weess de Julien awer eréischt, zanter dass hien 20 Joer al ass. D'Diagnose gouf an engem Spidol zu Paräis gestallt. An awer huet de Julien eng richteg Kloerheet deen Ament awer net kritt. D'Dokteren hunn him nämlech en Ziedel ginn, op deem stoung, dass si nach ni eng Laminopathie an der Form, wéi se bei Julien festgestallt gouf, gesinn hätten an deementspriechend och net wéissten, ëm wéi eng Krankheet et sech ganz genee handele géif.

RTL

E Liewen tëscht dem Spidol an dem eegenen Doheem

Well awer kloer war, dass d'Krankheet och d'Häerz betrëfft, krut hie fir de schlëmmste Fall preventiv en Häerzschrëttmécher mat engem Defibrillator agesat.

Nodeems hien 2015 seng Première gepackt hat, ass et da fir de Julien a Südost-Asien gaangen. Zwee Méint ass hien eleng mat sengem Rucksak duerch Thailand, Kambodscha a Laos gereest. Wéi hien dunn nees zu Lëtzebuerg war, huet de Julien dann nach e puer Woche geschafft. Et huet geschéngt, wéi wann esouwäit alles ënner Kontroll wier, bis him op ee Mol, wärenddeem hien e Videospill gespillt huet, esou schlecht ginn ass, dass seng Mamm huet missen eng Ambulanz ruffen. Um Ufank wier een nach dovunner ausgoen, dass de Julien sech wärend senger Rees mat engem Virus infizéiert hätt.

Um Ufank haten d'Dokteren nach un e Virus geduecht

Ma wärend dem Julien senger Hospitalisatioun huet sech dunn erausgestallt, dass säin Häerz esou schwaach war, dass seng Organer - virun allem seng Liewer a senge Nieren - net méi richteg duerchblutt goufen, wat dozou gefouert huet, dass hie sech net méi erniere konnt, a säi Kierper Waasser opgebaut huet.

De Julien konnt net méi richteg iessen a säi Kierper huet Waasser opgebaut

Iwwert déi nächst 8 Méint huet de Julien dann ëmmer zwou Wochen um Stéck am Spidol verbruecht, wou hien, wéi hie selwer seet "komplett u Maschinnen a komplett opgepompelt mat Medikamenter" war. Duerno, war hien dann nees zwou Wochen doheem.

Wärend 8 Méint war de Julien all zwou Wochen am Spidol

Duerno war de Julien da fir Tester a Frankräich. Hei haten d'Doktere gemengt, dass hien eng Häerz-Longen-Transplantatioun bräicht. Well si awer keng esou Transplantatioune maachen, hunn d'Medezinner hien op Bréissel geschéckt.

D'Häerztransplantatioun an d'Liewen duerno

Wéi de Julien zu Bréissel ukomm ass, war hien dann och esou schwaach, dass hien direkt nees huet missen u Maschinnen ugeschloss ginn. Säin Zoustand war deen Ament esou schlecht, dass d'Dokteren an der Belsch hien direkt do halen an uewen op d'Transplantatiounslëscht setze wollten, wat natierlech e Schock war.

D'Diagnos war fir de Julien e Schock

D'Dokteren an der Belsch hunn dem Julien awer de Gefale gemaach, hie mat Hëllef vu Medikamenter fit genuch ze kréien, dass hien nach eng Kéier fir zwou Wochen heem konnt goen. Do ass et him awer kierperlech schonn esou sou schlecht gaangen, dass hien dës Zäit net méi genéisse konnt.

Nodeems de Julien aus der Belsch heem koum, goung et him kierperlech schlecht

Wéi de Julien dunn nees zu Bréissel war, gouf hien alt nees eng Kéier un d'Maschinnen ugeschloss ginn. Dat, fir dass hie konnt uewen op der Transplantatiounslëscht bleiwen. No annerhallwem Mount am Spidol, den 21. Dezember 2016, sinn d'Dokteren dunn tëscht 3 a 4 Auer moies bei de Julien an d'Zëmmer komm, fir him ze soen, dass si en Häerz, dat a Fro kéim, fonnt hätten, an dass hien an den nächste 4 bis 5 Stonnen géif operéiert ginn. Eng Noriicht, déi beim Julien Nervositéit awer och eng onheemlech Freed ausgeléist huet

D'Freed iwwert d'Noriicht, dass e passend Häerz fonnt gouf, war grouss

Eng Freed, déi een ëmsou besser versteet, wann ee gewuer gëtt, dass et him kierperlech virun der Transplantatioun esou schlecht goung, dass hie weder iessen nach drénke konnt an nëmmen nach 34 Kilogramm gewien huet.

Virun der Transpalantatioun konnt de Julien näischt méi iessen an drénken

D'Operatioun selwer huet du ronn 12 Stonne gedauert. 12 Stonne wärend deenen de Julien kënschtlech duerchblutt gouf, well hien ouni Häerz um Operatiounsdësch louch.

Wéi de Julien dunn erwächt ass, hat hien engersäits vill Wéi, eppes, wat bei enger Narb, déi iwwert déi ganz Broscht geet, net dierft verwonnerlech sinn.

Wann Dir op d'Bild klickt, gesitt Dir eng Foto vum Julien, no der Operatioun. Oppassen: Sensibele Contenu!

Ma no der Operatioun, konnt de Julien fir déi éischte Kéier zanter Méint nees Waasser drénken. Eng Saach, déi fir e Mënsch eigentlech selbstverständlech ass, war fir de Julien esou aussergewéinlech, dass him vu Freed d'Tréine komm sinn.

Waasser drénke war eppes Beonnesches

Ob dem Julien säi Kierper dat neit Häerz géif unhuelen, war, wéi bei all Transplantatioun, net vun Ufank u kloer. No 5 Joer ass et dann e bësse méi sécher, dass de Kierper d'Häerz net ofstéisst. Bis dohinner muss den Tissu vum Häerz reegelméisseg ënnersicht ginn, fir ze kontrolléieren, ob der Kierper dat neit Organ unhëlt.

No der Transplantatioun si reegelméisseg Kontrollen néideg

De Julien muss dann aktuell nach ëmmer - vläicht och nach säi ganzt Liewe laang - Immunosupressanten huelen, fir ze verhënneren, dass säin eegenen Immunsystem dat transplantéiert Häerz ugräift. Eppes wat net ouni Niewewierkungen ass. Esou daueren Erkältunge beim Julien däitlech méi laang wéi bei anere Leit.

D'Liewe wärend der Coronapandemie

Wärend der Coronapandemie huet de Julien dunn als Risikopatient gegollt. Engersäits wier him seng Isolatioun ewéi en Déjà vu aus der Zäit no senger Operatioun virkomm. Och deemools haten d'Leit Masken an Händschen un, wéi si bei hie komm sinn a Leit, déi och nëmme minimal erkaalt waren, duerften net bei hie kommen.

Corona wier awer nach eng Kéier e bësse méi schlëmm gewiescht. Dem Julien seng Elteren hunn nämlech eng Bäckerei. Well d'Liewensmëttelgeschäfter dierften opsinn, an dem Julien säi Papp deementspriechend geschafft huet, huet hien déi éischt puer Méint vun der Pandemie net doheem gelieft, fir säi Bouf ze schützen.
Och seng Frënn huet de Julien wärend enger ganz laanger Zäit net gesinn.

Wärend der Pandemie konnt de Julien säi Papp a seng Kolleege länger net gesinn

De Julien hat, wéi scho gesot, no der Première Konscht studéiert. Ma well hie wärend der Pandemie als Risikopatient och net un der praktesche Course konnt deelhuelen, huet hien de Studium schliisslech missen ofbriechen.

Wärend der Pandemie huet de Julien misse säi Studium opginn

Trotz aller Virsiicht hat de Julien sech schliisslech och mam Covid infizéiert a war schliisslech 17 Deeg laang positiv, vun deenen hien och eng Woch laang richteg uerg krank war. An d'Spidol war hien dowéinst net. Eppes, iwwert dat seng Doktesch zu Bréissel iwwerhaapt net frou war. Ma haut kann de Julien iwwert dës Episod laachen.

Dem Julien seng Doktesch war net begeeschtert, dass hien net an d'Spidol war, wéi hie sech mat Covid infizéiert hat

Am Réckbléck ass de Julien der Meenung, dass d'Pandemie wuel fir jiddereen eng komesch Zäit gewiescht wier. Fir hie selwer vläicht esouguer e bësse manner, well hien d'Isolatioun schonn aus der Zäit no senger Häerztransplantatioun kannt huet.

Dankbarkeet fir d'Mënschen, déi fir een do waren

Wann ee, wéi de Julien, mat engem Häerz lieft, mat deem een net op d'Welt komm ass, bréngt dat quasi automatesch d'Fro mat, ob ee sech dëser Tatsaach permanent bewosst ass a wa jo, wat dat Bewosstsi matsechbréngt.

Dem Julien no géif sech d'Aart a Weis, wéi een iwwert dat, wat een erlieft huet denkt, mat der Zäit änneren. Direkt no der Operatioun wier ee mat der Reha beschäftegt a géif am Fong net weider iwwert déi eege Situatioun nodenken, mä nëmmen no vir kucken.

Eréischt mat der Zäit géif engem bewosst ginn, wat een erlieft huet, an dass een eigentlech eng zweet Chance am Liewe kritt hätt. Eppes, dat een allerdéngs och gewëssenen Drock géif spiere loossen, eppes aus sengem Liewen ze maachen.

Deelweis géif een en Drock verspieren, eppes aus sengem Liewen ze maachen

Ma och wann dem Julien net ëmmer alles esou gelongen ass, wéi hie sech dat virgeholl huet, denkt hien hautdesdaags net méi wierklech drun, dass hie mat engem transplantéierten Häerz lieft. Och un de Fait, dass hie reegelméisseg Medikamenter huele muss, hätt hie sech mëttlerweil komplett gewinnt.

Antëscht geet et dem Julien, wéi hie selwer seet, esou gutt, dass hie sech iwwer näischt beschwéiere kéint. Et wier besser, dass hien dat alles erlieft hätt, wéi wann et enger Persoun geschitt wier, déi dat vläicht net esou gutt verkraaft hätt.

Mëttlerweil geet et dem Julien esouguer esou gutt, dass hien nees reese kann. No senger Operatioun war hien zum Beispill schonn nees an Island an a Japan ënnerwee.

RTL
RTL

Schliisslech war et dem Julien nach wichteg ze soen, dass hie wärend der ganzer Zäit enorm vill Hëllef vu senger Famill a senge Frënn hat.

De Julien hat vill Leit, déi fir hien do waren

Et ass dem Julien dowéinst wichteg, sengen Elteren a senge Frënn Merci ze soen. Dem Shan wëll hien iwwerdeems ganz besonnesch Merci soen.