Ëmmer méi waarm an ëmmer méi dréchen
D'nächst Woch ass de meteorologesche Fréijoer eriwwer. E Fréijoer, deen hei am Land erstaunlech naass war. Eppes dat zemools der Natur gutt gedoen huet.
Op anere Plazen an Europa huet d'Situatioun par konter anescht ausgesinn: A Spuenien Bëschbränn an am Norden vun Italien waren et Iwwerschwemmungen. Dem Weltklimarot no gëtt et och en Zesummenhang tëscht esou extreme Wiederevenementer an dem Klimawandel. Ma net nëmmen an esou extreme Situatioune géing een d’Auswierkungen ze spiere kréien.
An deenen nächste Jore misst ee sech dorop astellen, datt d’Temperaturen ëm op d'mannst 1,5 Grad an d’Luucht gi bis 2050. Mindestens, well wann een d'CO2-Emissiounen net bis 2030 em d'Hallschent erofkritt, beweegt ee sech éischter a Richtung 2 Grad.
An de Bëscher huet ee schonn ugefaangen aner Beem unzeplanzen, Upassunge ginn et awer och bei de Baueren. De Klimatolog a Chef vum ASTA-Meteoservice am Landwirtschaftsministère Andrew Ferrone erkläert:
"Déi mussen ebe méi kuerzfristeg schaffen, dat heescht, se mussen sech drop astellen, dass et e bësse méi dréche bleift, dat ass fir d’Kulturen net schlecht, well se lo an de Wuesstem kommen, dofir bidde mer hinnen dann och Zerwisser un, fir dann eben ze kucke wéini zum Beispill den idealen Ament ass, fir de Grasschnëtt ze maachen, fir d’Recolte ze maachen an esou weider."
Och gëtt d’Recolte ugepasst, zum Beispill an deem aner Zorten ugeplanzt ginn.
Iwwerdeems wieren d’Wantere ze waarm an ze dréchen. Et schneit manner, wat een Afloss op d'Grondwaasserreserven huet…
"De Schnéifall, an och dass e leie bleift, geet zréck. Dat huet mat den Temperaturen ze dinn, well déi an d'Luucht ginn. Dat ass zum Deel e Problem, well da keng Reserven ugeluecht gëtt. E Problem ass dat zum Beispill an den Alpen, wou da Gletscher schmëlzen a bestëmmte Flëss am Summer da kee Waasser méi hunn, well ebe kee Gletscher méi do ass."
Scho weltwäit géing een de Phenomen gesinn, dass Gletscher verschwannen an dat huet Repercussiounen. De Fakt, dass de Rhäin zejoert zäitweis net genuch Waasser hat, ass zum Deel och dorop zréckzeféieren.