
Géint 17.19 Auer hat et an der Lonkecher Strooss zu Rodange tëscht zwee Autoe geknuppt. Eng Persoun gouf vun de Rettungsdéngschter vu Péiteng versuergt.
D’Rettungsdéngschter vu Beetebuerg an d’Pompjeeë vu Réiser goufen e Freideg da géint 20.40 Auer op d’A3 tëscht Léiweng a Beetebuerg geruff, nodeems hei a Motocyclist gefall war an dobäi blesséiert gouf.
Um CR118 tëscht der Fiels an Angelsbierg gouf et ee weidere Blesséierten, nodeems hei en Auto op d’Kopp gaangen ass. D’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Fiels waren am Asaz.
Auto a Brand zu Wolz
E Samschdeg de Moie kuerz no 9 Auer hat an der Rue General Patton zu Wolz en Auto gebrannt. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Wolz.