A Gemengen, wou net gewielt muss ginn, kann de Schäfferot an domadder och de Gemengepapp oder d'Gemengemamm scho virum 11. Juni feststoen.

Schonn um Poste virun de Walen / Reportage Jean-Marc Sturm

Zu Stadbriedemes an zu Noumer steet esouguer elo scho fest, wien neie Buergermeeschter gëtt.

Den aktuelle Schäffe Robi Beissel gëtt neie Buergermeeschter zu Stadbriedemes. Him zur Säit stinn d'Schäffen Jean Kox a Claude Forget. Den neie Gemengepapp ass iwweregens deen Eenzegen am ganze Gemengerot mat enger aktiver politescher Erfarung.

Zu Noumer, wou de Conseil aus 7 Leit besteet, ass ee sech eens ginn, dass déi 24 Joer al Sophie Didderich déi jéngste Buergermeeschtesch am Land gëtt. D'Ariane Toepfer an de Nicolas Decker gi Schäffen. An der Gemeng awer sinn am Ganzen 9 Posten ze besetzen. Well et awer just 7 Kandidate ginn, sinn am Hierscht, méi genee den 8. Oktober, Komplementarwalen. Do ass et um Enn cocasse, dass vu 9 Leit am Conseil der just zwee effektiv gewielt gi sinn.

Zu Bäerdref si wéinst dem Doud vum Conseiller a Kandidat Carlo Bentner den 8. Oktober zesumme mat de Chamberwalen och kommunal Komplementarwalen.

An zwou weidere Gemenge steet de Buergermeeschter zwar nach net offiziell fest, well den Inneministère d'Proposen nach net confirméiert huet, ma op mannst an de jeeweilege Gemengeréit ass ee sech schonn eens ginn.

Zu Buerschent gouf et 9 Kandidate fir 9 Mandater. Dat bedeit: Et si keng Walen. Den Inneministère krut virgeschloen, dass d'Annie Nickels-Theis Buergermeeschtesch soll bleiwen.

Zu Wanseler muss grad wéi 2017 nees net gewielt ginn. Et gouf esou vill Kandidate wéi fräi Plazen (9). De Romain Schroeder bleift Gemengepapp.

D'Situatioun zu Viichten an zu Weiler zum Tuer ass och esou, datt et 9 Kandidate fir 9 Poste gëtt. Hei steet awer nach net fest, wien de Posten un der Spëtzt vum Gemengerot bekleede wäert.

Da ginn et Gemengen, déi et sou just an d'Walen den 11. Juni gepackt hunn, wéi Useldeng, wou et 10 Kandidate gëtt fir 9 Posten am Conseil.

Elo kann ee sech froen, firwat d'Leit zécken, eng Kandidatur ze stellen. Do geet d'Diskussioun vu Politikverdrossenheet bis bei d'Fro vu méi professionelle kommunale Mandater.