Et schéngt sech effektiv ze confirméieren: Wéi annoncéiert, ginn d'Präisser um nationalen Immobiliemarché am zweeten Trimester erof.

Dat beleeën op d’mannst déi neisten Zuele vum Grupp atHome, der gréisster Plattform fir Immobilien am Land. Am Laf vum zweeten Trimester sinn d'Präisser fir Appartementer oder Haiser am ganze Land méi bëlleg ginn. Jee no Regioun awer ënnerschiddlech. Am Süde war et beispillsweis eng Baisse vu 5,8% fir en Appartement. Am Weste souguer vun iwwer 14%.

Schonn Ufank des Joers hat de Chef vum Grupp atHome an der Emissioun "La Bulle Immo" bei de Kolleege vun RTLInfos annoncéiert, datt "den Héichpunkt erreecht" wier. Eng Ausso, déi duerch d'Zuelen am éischten an elo och am zweeten Trimester 2023 confirméiert gouf. Am éischten Trimester louch den Duerchschnëtt vun der Baisse bei 5%, am zweete läit en elo bei 7,3% fir Wunnengen a bleift bei ronn 5% fir Haiser.

Grond dofir fir d'Hausse vun den Zënssätz, déi d'Solvabilitéit vun de Keefer staark limitéiert. Doduerch sinn d'Verkeefer quasi gezwongen, hir Präisser unzepassen, wa si verkafe wëllen.

Allgemeng gëtt sech erwaart, dass déi richteg Kris um Immobiliemaart awer eréischt kënnt – an zwar nom Kollektivcongé am Summer. Dat sot de President vun der Chambre immobilière Jean-Paul Scheuren. De Kollektivcongé wier ëmmer eng grouss Belaaschtung fir d'Betriber an doduerch kéinte se dann och nach am Hierscht mat manner Aarbecht do stoen. Eng Rei Entreprisë wäerten eventuell musse Leit entloossen oder souguer komplett zoumaachen, sou d'Angscht am Secteur.