D’Aude Laurence Biver ass eemol alles: Regisseurin, Schauspillerin am Film wéi och am Theater, kann awer och Sangen an huet donieft nach zwee Kanner.

An der Kulturzeen kéint ee sech virstellen, dass ee Lëtzebuerg verléisst fir eng Groussstad, wou een als Schauspillerin oder Regisseurin méi Offer huet. D’Aude-Laurence Biver huet et awer genau ëmgekéiert gemaach. Si ass zu Paräis grouss ginn an huet och laang do gelieft, studéiert a geschafft. Zënter 6 Joer lieft si elo zu Lëtzebuerg an huet och hei genuch Aarbecht. Ma si huet awer scho méi fréi fir Lëtzebuerger Produzente geschafft an hat schonn als Kand eng Connectioun zu Lëtzebuerg. Hire Papp de Robert Biver ass nämlech Lëtzebuerger.

Scho wou si jonk war, ass d'Schauspillerin reegelméisseg op Lëtzebuerg komm, fir hir Grousseltere besichen ze kommen. Duerch hire Papp huet si awer och d'Film- an d'Theaterzeen vu Lëtzebuerg kennegeléiert. Nodeems si wéinst e puer Projeten tëscht Paräis a Lëtzebuerg gependelt ass, huet d'Paräisserin sech entscheet, ganz zu Lëtzebuerg ze liewen an huet sech viru 6 Joer hei néiergelooss.

"Leit wëlle méi Laachen"

D'Pandemie war fir d'Theater- an d'Filmindustrie eng schwéier Zäit. Ma obwuel d'Restriktioune komplett opgehuewe sinn a Covid bei ville Leit vergiess ass, kommen ëmmer manner Leit an den Theater, fënnt d'Aude-Laurence Biver. U wat genee et läit, wéisste si an hir Theaterkolleegen net. D'Schauspillerin huet awer nach eppes anescht festgestallt.

"J'ai l'impression que les gens ont envie de rigoler."

Sou géif si besonnesch gäre vum Theater profitéieren, fir relevant Gesellschaftsthemen opzegräifen, ma dat géif bei de Leit einfach net d'selwecht ukommen.

"Je parle aux gens d'une nouvelle pièce et si je leur dis que c'est un sujet sérieux, ils me répondent à chaque fois : "Ah, d'accord". Mais si je leur dis que c'est une comédie, la réaction est nettement plus positive."

Ganz rezent huet si dat nach erlieft. Nodeems d'Aude-Laurence déi ganz Saison éischter a méi düstere Stécker matgespillt huet, steet si aktuell am Stéck "1h22 avant la fin" am TOL op der Bün, wou ee ganz vill schwaarzen Humor matbrénge muss. "C'était tout simplement un plaisir de voir les gens rigoler", erzielt d'Aude-Laurence iwwert d'Première.

Scho fir méi wéi 20 Rolle stoung d'Paräisserin op der Bün oder virun der Kamera.

RTL

Eng Foto aus dem Stéck "Le poisson belge" vum Léonore Confino. / © Antoine de Saint Phalle

Mee och selwer ze schreiwen, gefält der Fra immens gutt. "Malheureusement, je ne peux pas écrire autant que je le voudrais. Je n'ai simplement pas le temps." Déi jonk Fra huet nieft hire Projeten, de Prouwen an den Opféierungen nämlech och nach zwee Kanner. An dat ass an dësem Beräich net ëmmer einfach ënnert en Hutt ze kréien.

RTL

D'Stéck "Never Vera Blue" vum Alexandra Wood. / © Aintoine De Saint Phalle

Kanner oder Karriär?

Seng Kanner an d'Aarbecht ze koordinéieren, sou dass ee jidderengem gerecht gëtt, kann an all Beruff en Challenge sinn. Dat geet och de Schauspiller an de Schauspillerinnen net anescht. Zemools d'Schaffzäite si ganz anescht wéi an engem normalen 9 to 5 Job. Sou gëtt daagsiwwer geprouft, da sinn owes Opféierungen an zemools bei Premièrë kann et gären emol no Hallefnuecht ginn, éiert een den Theater verléisst. D'Aude-Laurence huet zwar e Partner, deen hatt an der Kannerbetreiung ënnerstëtzt an dacks sinn d'Kanner am Theater och dobäi. Trotzdeem ginn et eng Partie Contrainten.

"Avoir des enfants est souvent un critère d'exclusion chez les acteurs. Surtout pour les productions qui ne sont pas directement dans ma ville de domicile. Les producteurs voient donc cela comme un problème, car ils pensent que l'on s'ennuie trop de ses enfants ou que l'on veut leur rendre visite le week-end. Ils y voient donc un point négatif ou une faiblesse. Il peut arriver que l'on soit refusé pour une pièce uniquement parce que l'on a des enfants. Cette décision est alors prise sans demander l'avis de l'actrice elle-même. Ce devrait être à moi de décider si je me sens capable de le faire ou si c'est un obstacle", erzielt d'Aude-Laurence Biver op Grond vu sengen Erfarungen.

Mee net nëmme Kanner hunn, ass e Facteur. Iwwerhaapt wéini an ob ee soll oder ka schwanger ginn, ass an der Schauspillerei en net onwichtege Punkt.

"J'ai quelques collègues de travail qui ont des enfants très tard ou qui se demandent si elles veulent vraiment avoir des enfants parce que cela a une grande influence sur leur carrière.
On est tout simplement cataloguée si l'on est enceinte dans ce secteur. "Oh, elle est enceinte, elle n'est pas disponible". Et voilà, on n'est plus dans la course. Si tu disparais pendant un an parce que tu es en congé de maternité, ta carrière peut être terminée parce que les gens t'oublient complètement. C'est pourquoi il faut bien réfléchir avant de tomber enceinte dans ce milieu."

Dobäi kënnt dann och nach, dass d'Ausgesi bei de Schauspillerinnen ëmmer nach e wichtege Facteur ass. Wärend der Schwangerschaft verännert sech de Kierper an et weess een am viraus net wéi staark. Och dat kann déi zukünfteg Karriär beaflossen.

D'Aude-Laurence Biver huet et no sengen zwou Schwangerschaften ëmmer rëm zeréck op d'Bün respektiv hannert d'Kamera gepackt. An hir Meedercher begleede si gär mat an den Theater. Och Doheem gëtt vill gedanzt a gesongen. An déi selwecht Branche drécken, wäert si hir Kanner net. Wann déi zwee selwer sech awer fir d'Schauspillerei entscheeden, géif d'Aude-Laurence hinne keng Steng an de Wee leeën.