Zu Bäreldeng kommen aacht Tiny Houses vun all Kéiers ronn 40 Metercarré an d’Locatioun, fir jonk Leit tëscht 18 an 32 Joer.

Dat wier ee Puzzelstéck an der Strategie fir méi abordabele Logement, esou de Buergermeeschter François Sauber an d’Schäffin Jessie Thill e Freideg géintiwwer der Press.

Sechs Parzelle gehéiere schonn der Gemeng Walfer, zwou weiderer kënnen de Proprietären ofkaf ginn. De Choix, kleng Modul-Haiser opzestellen, wier gefall, well dat méi séier prett wier a well den Agrëff an d’Natur doduerch net esou grouss ass. Viraussiichtlech sollen Enn d’nächst Joer Leit kënnen eraplënneren.

Nieft den 8 Tiny Houses gëtt nach ee Community House gebaut, an deem zum Beispill Plaz ass fir d’Buanderie oder nach fir Home Office ze maachen. De Käschtepunkt stéing nach net genee fest, ma fir déi aacht Tiny Houses sinn 1,6 Milliounen Euro ageplangt.

Jessie Thill iwwer Choix vu Projet

D’Demande no Logementer ass grouss

Fir de Projet op d’Been ze stellen, gouf och mam Office Social vun der Gemeng Walfer zesummegeschafft, fir ze kucken, wéi eng Demanden iwwerhaapt virleien. Et wiere ganz ënnerschiddlech Leit, déi e Logement zu Walfer sichen, esou de Buergermeeschter François Sauber. Dowéinst wier et wichteg, ganz verschidden Optiounen unzebidden. De Projet mat den Tiny Haiser riicht sech explizitt u Leit tëscht 18 an 32 Joer, déi scho schaffen an eng Hëllef brauchen, fir sech finanziell besser opzestellen. Mat engem Punktesystem solle virun allem Jonker, déi e Lien mat der Gemeng Walfer hunn oder an der Géigend schaffen, favoriséiert ginn.

Aktuell huet d’Gemeng Walfer néng Wunnengen, déi fir sozial Zwecker verlount ginn. Weider dräi Wunnenge ginn den Ament renovéiert an ee Studio, deen am Bau ass. An engem vun de Logementer vun der Gemeng wunnen zéng Leit, déi wéinst dem Krich aus der Ukrain hu misse flüchten.

Projet passt an d’Strategie vun der Regierung

De Logementsministère subventionéiert 75 Prozent vum Projet, well d’Konditioune fir den abordabele Wunnraum erfëllt sinn. D’Gemeng Walfer huet eng Konventioun mam Logementsministère ënnerschriwwen, déi festhält, dass d’Tiny Houses 40 Joer laang erschwénglech verlount ginn. Bei de Locatairë gesäit d’Gemeng awer en zäitlech limitéierte Kontrakt vun zum Beispill fënnef Joer vir. De Projet gëtt als Sprangbriet gesinn, fir dass déi Jonk spuere kënnen an dann um Privatmarché lounen oder kafe kënnen.