Den 11. Juni ginn d'Gemengeréit am ganze Land nei bestëmmt. A falls Dir nach net genee wësst, wéi Dir wiele sollt, da kënne mir Iech nach eng Hëllef ginn.

Sécherheet a Klimawandel: Wéi stinn d’Gemengepolitiker zu dëse Sujeten?

An der Table ronde e Sonndeg goung et dorëm, wéi d’Politiker dës Defien an de Gemenge géingen ugoen.

Resumé Table ronde / Reportage Diana Hoffmann

Wéi d’Sécherheet an d’Sécherheetsgefill an de Gemenge soll gestäerkt ginn, do waren d’Vertrieder vun de Parteien ënnerschiddlecher Meenung.

D’Elisabeth Margue (CSV) mengt, dass eng Gemengepolice soll kommen. Dobäi sollt et sech ëm e Corps innerhalb vun der Police handelen, deen der Gemeng affektéiert ass. De Meris Sehovic (déi gréng) seet, dass et muss méi Policepresenz um Terrain ginn an den Urbanismus inklusiv muss ugepasst ginn. De Alex Penning (ADR) ënnersträicht, dass e Projet vun enger Gemengepolice souwisou net realistesch wier, fir ob d’Sécherheetssituatioun elo ze reagéieren. Do misst fir d’éischt emol e Gesetz gemaach ginn, an dat géing jorelaang dauere bis et en Vigueur ass.

Den David Wagner (déi Lénk) seet, dass et méi interessant wier, wann een d’Police judiciaire géing opstocken. Dës géing nämlech d’Enquête maachen, fir déi "grouss Fësch" ze kréien. Et misst ee virop méi Streetworker a Jugendhaiser engagéieren, déi kéinten hëllefen ze evitéieren, dass Leit zum Beispill an d’Drogekriminalitéit ofrutschen, mengt de Marc Goergen (Piraten). Hie kritiséiert, dass d’Gemeng Péiteng refuséiert krut, esou ee bäizekréien.

De Luc Majerus (Fokus) proposéiert dann eng Iddi, mat där d’Partei eleng do steet. D’Policegesetz seet, dass de Buergermeeschter d’Policegewalt op sengem Territoire huet a sech soll mam Policeminister zesummesëtzen, fir Léisungen ze fannen. Bei Fokus ass een dofir der Meenung, dass de Policeminister an Zukunft och soll den Inneminister sinn.

D’Carole Hartmann (DP) kënnt op de Platzverweis ze schwätzen, deen dës Legislaturperiod gestëmmt gouf. D’DP kéint sech virstellen, dass dësen ausgeweit gëtt. Sou dass een net just an Agäng vun Haiser a bei Geschäfter gëllt, mee och viru Vitrinnen oder an Entréeë vu Parken. En deplacéiere vun de Leit géing net duergoen, huet den Dan Biancalana (LSAP) awer ugemierkt. Gemenge missten duerch eng staark Sozialpolitik Akzenter sëtzen.

Dass de Klimawandel ee vun de grousse Sujeten op Gemengenniveau ass, do war sech jiddereen an der Ronn eens. Wéi de Klima- an den Naturschutz soll funktionéieren, do goungen d’Meenungen awer nees eng Kéier auserneen.

Offiziell Table ronde fir d'Gemengewalen 2023 (Gebäerdesprooch)
Aacht Parteie waren invitéiert, fir hire Kaderprogramm fir d'Gemengewalen den 11. Juni ze presentéieren.

Invitéiert sinn

Dan Biancalana (LSAP)

Carole Hartmann (DP)

Meris Sehovic (Déi Gréng)

Elisabeth Margue (CSV)

David Wagner (Déi Lénk)

Alex Penning (ADR)

Marc Goergen (Piraten)

Luc Majerus (Fokus)