"Et ass een ëmmer stolz, wann een d'Uniform kann undoen"
De 24 Joer jonke Sunarak schafft zanter bal zwee Joer als Pompjee bei der “Brigade des sapeurs-pompiers de Paris” – déi gréissten Eenheet vun Europa.
Am Alter vu 16 Joer huet de Sunarak als Volontaire bei de Lëtzebuerger Pompjeeën a Rettungsdéngschter ugefaangen. Och haut nach ass hien a senger Fräizäit fräiwëllege Pompjee an Instrukter zu Lëtzebuerg, wann hie seng Famill a Frënn doheem am Grand-Duché besiche geet. Haaptberufflech ass hien nämlech bei de Paräisser Pompjeeën. Dat ass och just méiglech, well hien déi duebel Nationalitéit huet. E franséische Pass ass nämlech ee vun de Krittären, fir opgeholl ze ginn, nieft enger Rei Tester a méintelaange Formatiounen. Zanter bal zwee Joer ass de Sunarak elo Deel vun der ronn 8.600 Mann staarker Eenheet, déi en Territoire vun 800 Quadratkilometer ofdeckt. Bal eng hallef Millioun Asätz hunn d’Paräisser Pompjeeën am Joer.
Kaperol Sunarak: “Dat heiten ass schonn den Top. Et ass awer d’Elite vum Job. Et ass een ëmmer stolz, wann ee kann d’Uniform undoen an ënnert dëser Uniform schaffen. Zu Paräis hu mir déi Dimensioun, dass mir eng Groussstad sinn, déi geografesch relativ kleng ass. An dofir si mir, géing ech scho soen, d’Spezialisten am urbane Milieu.”
Wéi de kierperlech ustrengenden Training ausgesäit a wéi een Asaz wärend eisen Dréiaarbechten erakomm ass, gesitt Dir am Video-Reportage.