De Beruff vum Privatdetektiv ënnert d'Lupp geholl

Als Privatdetektiv ass et wichteg, net erkannt ze ginn. / © Tom Zeimet / RTL
Wann een "Detektiv" héiert, denkt een automatesch u Film noir, Sherlock Holmes oder villäicht och nach Inspector Gadget. Mä wat ass un de Klischeeën drun?
E gefleegt Gebai net wäit fort vum Glacis. Vu Bausse déit näischt dorops hin, datt hannert dëse Mauere streng gehitt Geheimnisser un d'Luucht bruecht ginn. Ech ginn an een hellt Virzëmmer geleet, an deem um grousse Glasdësch schonn ee Stapel blo Dossiere läit. Op mech waart ee Mann mat wäissen Hoer a Stoppelbaart, dee mech duerch e schwaarze Brëll ukuckt.
Säin Numm kënne mir Iech net verroden, an dat aus guddem Grond. Hien ass Privatdetektiv - Diskretioun gehéiert zu sengem Beruff. Fir dësen Artikel nenne mir hie Paulo.
De Paulo ass zanter véier Joer Privatdetektiv an huet an där Zäit geschat schonn un engen 200 bis 300 Fäll geschafft. Den Ament schafft hie vill u Fäll vun Adultèren. Mä och besuergt Elteren, déi mengen, hiert d'Kand kéint op déi falsch Bunn geroden, melle sech bei der Agence mat am ganzen dräi Mataarbechter. Nieft Privatleit sinn et och Entreprisen, déi d'Déngschter vu Privatdetektiven notzen. Assurancen, déi Fuerderungen iwwerpréiwe loosse wëllen, oder Firmen, déi zum Beispill mengen, hir Mataarbechter géife mat der Konkurrenz schaffen.
"Déi meescht vergläichen et e bësse mat James Bond oder Sherlock Holmes. Et ass déi Richtung, mee et ass net dat." Datt Leit falsch Virstellungen dovunner hunn, wat Privatdetektive maache kënnen an dierfen, kënnt méi dacks vir. "Leit froen eis heiansdo, datt mir eng Foto maache sollen, wärend de Partner mat der Maîtresse amgaang ass. Ech froen si dann: "Wéi stellt Dir iech dat da vir?" Ech kann hinne soen, hien ass ëm 1 Auer an d'Gebai eragaangen an ass ëm 6 Auer nees erauskomm. Mä wat hien dobanne gemaach huet, weess ech net."
Eng Rei speziell Outilen huet een als Privatdetektiv awer schonn a senger Geschierkëscht. Wann d'Ermëttlunge stagnéieren an d'Detektive kommen net vum Fleck, kann et och emol sinn, datt si en GPS oder eng Wanz am Auto vun der Zilpersoun verstoppen. "Soubal Kaméidi ass, da schaalt et an da kënne mir en direct lauschteren." Dat geet awer just, wann den Auto op de Client, deen d'Detektive mandatéiert huet, ugemellt ass.
Och als Privatdetektiv muss ee sech natierlech un d'Gesetzer halen. An deem Kader ass de Kontrakt tëscht der Agence an dem Client och besonnesch wichteg. "Mir maachen näischt ouni Mandat", erkläert de Paulo. Eréischt no enger Fallanalys, ënnerschriwwene Formulairen an engem Reçu de Payement hëlt de Privatdetektiv seng Aarbecht op. Och de Client muss eng ganz Rei Renseignementer iwwert sech ginn. "Mer musse scho wëssen, mat wiem mer et ze dinn hunn", erkläert de Paulo.
De Chef vun der Detektivagence ergänzt: "Et muss een d'Privatliewe vun all Mënsch respektéieren." Fir en Optrag muss et deemno schonn ee gudde Grond ginn. "Wann zum Beispill e potentielle Client bei eis kënnt, fir seng Ex-Frëndin iwwerwaachen ze loossen, soe mir "Nee". Déi Geschicht ass eriwwer, all Mënsch ass fräi."
Ouni Diskretioun geet an dësem Beruff näischt
Als Privatdetektiv dierf de Paulo net opfalen. Och do gëtt et eng Rei Tricken, deenen hie sech ka bedéngen. Nuets ass hien éischter schwaarz ugedoen, well hien domat net esou opfält, wéi mat engem wäissen Hiem. Am Auto huet hien och ëmmer eng Rei verschidde Kapen an eng zweet Jackett leien, fir säin Äussert séier änneren ze kënnen. Wann hien enger Cible an e Café oder eng Bar nogeet, kann et ënner Ëmstänn awer och emol méi schwéier sinn, sech ënnert d'Leit ze mëschen. "An enger Bar, wou se all esou 20 oder 30 Joer al sinn, do falen ech op."
Bei Poursuitten am Auto muss de Paulo net just den Terrain gutt kennen, mee och mam Auto hannendru bleiwe kënnen, ouni opfälleg no un der Zilpersoun ze pechen. "Ech verléieren och emol ab und zu een, och wann ech se dacks erëmfannen. Et ass emol net, datt ech net kann nofueren. De Problem ass deen: stellt Iech vir, Dir fuert mat 130 duerch d'Stad, an ech hannendrun och. Wat sot Dir dann? 'Do ass och ee Mëllen? Firwat fiert deen esou séier wéi ech?'" E gudden Deel vu senger Aarbechtszäit verbréngt de Paulo awer och domadder, aus dem Auto eraus Gebaier ze observéieren. An och do muss een op eng Rei Saachen oppassen. Iergendwou um Duerf am Norde vum Land fält een nuets ëm 3 oder 4 Auer méi op, wéi zum Beispill an der Stad, erkläert de Paulo. "Do kann een am Wanter net de Moto lafe loossen, fir waarm ze bleiwen."
En Deel vun der Aarbecht ass awer och Bürosaarbecht. Eng genee Dokumentatioun ass immens wichteg. "Mir maachen de Rapport all Dag, Stonn fir Stonn. Et ass wichteg, genee ze notéieren, wéini den Auto vun der Cible wou steet, a wéini se wou dobannen ass. Dofir maachen ech och all Stonn eng Foto." Dat hëlleft dem Detektiv och dobäi, d'Mustere vun der Zilpersoun ze etabléieren. "Ech huelen déi genee Zäiten. '13.08 - den Auto net méi do.'"

De Paulo hält seng Observatiounen all a sengem Rapport fest. / © Tom Zeimet / RTL
Fir de Rapport, deen no der Enquête dem Client oder sengem Affekot iwwerreecht gëtt, ginn d'Gesiichter an d'Placke vun den Autoen onkenntlech gemaach. Et ass nämlech och wichteg, d'Identitéit vun de Leit ronderëm ze schützen, erkläert eis de Chef vun der Agence. "All eis Missiounen an all eis Resultater bleiwe komplett confidentiel." An enger Rei Fäll - zum Beispill, wann d'Eltere sech ëm d'Garde vu engem Kand streiden - kann de Rapport vum Privatdetektiv och viru Geriicht agesat ginn. "Ob eise Rapport elo déngt oder net déngt, dat hänkt ëmmer vum Riichter of, mee bis elo hate mer u sech ni Problemer", esou de Paulo. Geet d'Affär net op d'Geriicht, zerstéiert d'Agence no dräi Méint d'Beweisstécker.
Ee Fall zitt sech dacks iwwert e puer Méint, och fir ze evitéieren, datt d'Iwwerwaachung ze opfälleg gëtt. Am Duerchschnëtt verdeele sech 25 Aarbechtsstonnen iwwert sechs Méint. Wat seng Privatclienten ugeet, ass et e bonte Mix - Jalousie ass e Phänomen, dat sech queesch duerch d'Demographie zitt. Eng vun dem Paulo sengen eelste Cliente war eng Fra an hiren 80er, déi iwwerzeegt war, hire Mann hätt eng Frëndin. Si war souguer esou iwwerzeegt dovunner, datt si der Agence dräimol domat beoptraagt huet, hire Mann ze verfollegen. Letztendlech huet d'Agence decidéiert, keng nei Opträg vun der Fra unzehuelen - an där ganzer Zäit hu si ni Indicë fonnt, datt un hirer Vermuddung eppes kéint dru sinn.
"Ech schreiwen ni 'Ech mengen'. Ech hu gesinn, oder ech hunn net gesinn."
Ganz ongeféierlech ass dem Paulo säi Beruff net. Sollt et emol enger Zilpersoun opfalen, datt se verfollegt gëtt, kéint et fir de Privatdetektiv brenzeleg ginn. Dofir huet d'Agence och eng speziell Klausel am Kontrakt stoen. "Wann de Client dem Enquêteur d'Liewe schwéier mécht, andeems en der Zilpersoun opfälleg Froe stellt oder selwer nofiert, da kann et sinn, datt d'Cible ufänkt ze mengen, datt se verfollegt gëtt."
De Fait, datt hie Privatdetektiv ass, hänkt de Paulo net un déi grouss Klack. Ëmmerhin ass Confidentialitéit eng vun de wichtegste Saachen a sengem Beruff. Seng Fra weess Bescheed, d'Frënn an déi méi wäitleefeg Famill awer net. Op d'Fro, ob hien et sech da selwer och kéint virstellen, ee Privatdetektiv ze engagéieren, muss de Paulo laachen."Wann et derwäert ass, jo. Fir meng Fra ze iwwerwaachen awer net. Ech traue menger Fra."
Gewëssensbëss hat de Paulo bis ewell iwweregens nach ni, weder beim iwwerbrénge vu schlechten Nouvellen, nach an deene Situatiounen, an deenen hie Leit verfollegt huet, déi sech um Enn villäicht guer näischt zu Scholde komme gelooss hunn. "Ech kann nëmme schreiwen, wat ech gesinn. Ech schreiwen ni 'Ech mengen'. Ech hu gesinn, oder ech hunn net gesinn." Matgefill huet hien dogéint awer schonn. Hien erënnert sech un de Fall vun enger Fra, déi Stalkerbréiwer geschéckt krut. "Ech hunn esou ee Bréif gelies, do gëtt engem Angscht. Et liest een, datt deen dee schreift, mëll ass. An dee Mëllen ass am Stand, alles ze maachen."