ADR StadD'Leit solle méi matbestëmmen a vun Ufank un a wichtege Projeten agebonne ginn

Jean-Marc Sturm
E Sonndeg geet d'ADR mat de Spëtzekandidaten Tom Weidig an Alex Penning an d'Gemengewalen.
© Tom Zeimet / RTL

D’Haaptstad misst méi lues wuessen a fir bezuelbare Wunnraum fir jonk Famillje mat Kanner suergen. 5% vum Logement solle sozial Mietwunnenge a prioritär fir Stater Leit sinn. Beim Volet Sécherheet wëll ee méi Police-Presenz am Garer Quartier oder anere sougenannten Hot-Spotten.

D’ADR wëll bei der Verkéierspolitik den Auto net verdäiwelen. Parallel setzt sech d’Partei fir d’Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Raum an.

D’ADR krut viru 6 Joer mat 4,3% vun de valabele Stëmmen ee Vetrieder op de Knuedler.

Back to Top
CIM LOGO