Lëtzebuerg ënnerschreift neien EU-Accord zu Gonschte vun de Frontalieren

© AFP (Archiv)
D'Covid-19-Pandemie huet den Homeoffice zu Lëtzebuerg ma och europawäit zu engem wichtege Bestanddeel vum Aarbechtsalldag vu ville Leit gemaach.
Fir dëser neier Realitéit entgéintzekommen, hu sech d'Memberlänner vun der Europäescher Unioun an aner Nopeschlänner wéi d'Schwäiz zesummegesat, fir en neien Accord fir Homeoffice fir Frontalieren ze fannen. Grad, wat d'Securité sociale ugeet, schénge sech d'Länner eens ginn ze sinn.
Normalerweis ass ee jo an deem Land, wou ee schafft, verséchert. Bis ewell war et awer op EU-Niveau esou, datt, wann eng Persoun méi wéi 25 Prozent vu sengen Aarbechtsstonnen net a sengem Aarbechtsland gemaach huet, war dësen duerch den alen Accord domadder iwwert säi Heemechtsland sozialverséchert an huet och do seng Cotisatioune misste bezuelen. Dës Reegelung gouf wärend der Covid-19-Pandemie ausgesat.
Den neien Accord gesäit vir, datt dës Stonne vu 25 Prozent pro Joer bal verduebelt ginn. Et ass festgehalen, datt de Frontalier am Land, wou hie schafft, verséchert bleift, wann hie manner wéi 50 Prozent vun sengen Aarbechtsstonnen a sengem Heemechtsland gemaach huet. Den Accord gëllt awer eréischt dann, wann d'Regierunge vu béide Länner, also dem Aarbechtsland an dem Heemechtsland, dësen ënnerschriwwen hunn. Ausserdeem dierf de Frontalier weder a sengem Heemechtsland, nach an engem anere Land en anere Beruff ausüben.
De Lëtzebuerger Minister vun der Securité sociale Claude Haagen hat den Accord de 5. Juni 2023 signéiert an en trëtt fir Lëtzebuerg domadder den 1. Juli 2023 a Kraaft, dat emol fir déi nächst 5 Joer.