E Mëttwoch gouf bei engem Bauprojet um Kierchbierg eng weider Etapp offiziell gefeiert.

Et handelt sech ëm 7 Gebaier mat 135 bezuelbare Wunnengen um Eck tëscht dem Boulevard Konrad Adenauer an dem Boulevard Pierre Frieden, déi - wa se bis gebaut sinn - bis zu 425 Awunner sollen ënnerbréngen. De Fonds du Kirchberg huet e Mëttwoch den Terrain un d’Entwéckler mat "droits d’emphytéose" verkaf. An anere Wierder, d’Entwéckler – an dësem Fall Immobel a Prefalux - gi Besëtzer fir 99 Joer, woubäi de Staat e Virkafsrecht behält. Den Etablissement public wollt op Nofro hin de geneeë Verkafspräis net matdeelen. Den Direkter vum Fonds du Kirchberg, Marc Widong, sot awer de Präis wier "wäit ënnert dem Marchéspräis", well e jo emphytéotique, also op 99 Joer Besëtz limitéiert ass. Andeems een de Präis vum Terrain esou géing erauskréien, kéinten d’Wunnengen och ënnert dem Marchéspräis verkaaft ginn an zwar 7.900 Euro de Quadratmeter an der Moyenne. Jiddereen hätt Waasser a säi Wäi geschott, fir um Enn e Projet mat "bal nëmme Virdeeler" ze hunn, sou de Marc Widong.

De Bau - do sinn d’Entwéckler optimistesch – soll Enn vum nächste Joer kënnen ugoen an Ufanks 2027 fäerdeg sinn. De Projet ënnerscheet sech an enger Rei Punkte vu klassesche Projeten. D’Gebaier ginn op 5 Stäck mat Holz gebaut. Net mat Neel, mä Schrauwen, well een och wëll, datt d’Gebaier theoretesch recyclabel sinn. Fir déi 425 Awunner si just 84 Parkplaze virgesinn, dofir awer méi Vëlosplazen. Et kënnt vill Gréngs hannert d'Gebaier an et si Gäert virgesinn. De Waasserverbrauch wäert 30% ënnert der nationaler Moyenne leien, well Drénkwaasser net fir alles gebraucht gëtt. Op den Daach komme Photovoltaikanlagen. D’Architektin Anabel Witry huet de Projet als "speziell" bezeechent, well een nei Weeër gaange wier. De Projet wier méi schwéier gewiescht ewéi anerer. Dat wéinst de ville Virbestëmmungen, der Contraintë vun der Rentabilitéit, mä och well vill Leit ronderëm den Dësch souzen. Vill Detailfroe wieren ze kläre gewiescht, mä am grousse Ganze wier ee sech ëmmer eens ginn. De Marc Widong huet iwweregens op Nofro hi confirméiert, datt wann déi aner nei Quartiere Laangfur a Kuebebierg gebaut ginn, d’Cogeneratiounszentral vum Kierchbierg net méi duergeet. Fir déi géing en neie Chauffage urbain geschaaft ginn, mat zwou neien Anlagen, déi gréisstendeels mat Geothermie a Wärmepompele wäerte funktionéieren.