De Sonndeg si GemengewalenKapp, Partei oder Walprogramm - Wéi entscheet Dir, wien Är Stëmme kritt?

RTL Lëtzebuerg
Ob Parteien, Biergerlëschten oder eenzel Persounen. De Sonndeg mussen d'Bierger entscheeden, wiem si hir Stëmme ginn.

Déi eng si scho laang entscheet oder halen ëmmer un der selwechter Partei fest. Anerer liesen d’Walprogrammen, kucke sech d’Kandidate méi genee un a wiele spezifesch no hiren Interessen. Da ginn et natierlech nach déi, déi sech net dofir interesséieren, iergendeppes ukräizen oder hire Walziedel wäiss zeréckginn.

Mir hunn en Tour duerch d’Land gemaach an e puer Leit gefrot, ob si schonn entscheet sinn a wéi si déi Decisioun getraff hunn.

Wéi ass et mat Iech? Sidd Dir schonn entscheet?

Back to Top
CIM LOGO