Hei zu Lëtzebuerg muss een 18 Joer al sinn, fir kënne wielen ze goen.

Als éischt Land an Europa huet Éisträich 2007 entscheet, de Walalter op 16 Joer erofzesetzen. Fir déi nächst Europawalen hunn Däitschland an d'Belsch dat selwecht festgehalen, dat heescht do dierfe Jonker vu 16 Joer u fir d’éischte Kéier hir Stëmm ofginn.

"Dat ass ganz schwiereg, de Moment vu wéini bass de prett, fir wielen ze goen, festzemaachen. Als Zentrum fir politesch Bildung gi mir dovunner aus, dass ee Bierger ass, soubal een op d'Welt kënnt, vu klengem un. An déi Welt kann ee vun Ufank un agefouert ginn, da kann een och an dem Fall mat 16 Joer wiele goen. Mee mir militéieren elo net fir e Walrecht ab 16 natierlech", seet d'Michèle Schilt, Directrice adjointe vum Zentrum fir politesch Bildung. Den Zentrum fir politesch Bildung ass 2016 gegrënnt ginn. Fir dëst Superwaljoer hu si sech e besonneschen Atelier afale gelooss. An zwar maache si mat enger sougenannter "Super-Wal-Kiermes" Statioun a verschiddene Lycéeën an op Fester. Et geet drëm, op eng spilleresch Aart a Weis mat Jonk an Al iwwert d'Thema Demokratie a Walen ze schwätzen an ze informéieren.