An 10 Gemengen (Helperknapp, Rouspert-Mompech, Schengen, Esch-Sauer, Bettenduerf, Beefort, Réiden/Atert, Lëntgen, Wuermer, Habscht) gëtt elo esou gewielt.

D‘Kandidatinnen a Kandidate presentéierte sech net méi eenzel, mä op enger Lëscht. Dat well op de Stéchdatum vum 30. September méi ewéi 3.000 Awunner an der respektiver Gemeng gewunnt hunn. Sou gesäit d‘Walgesetz et op d'mannst vir. Wat awer net heescht, dass déi Reegel net och kritiséiert gëtt.

RTL war an d‘Gemeng Esch-Sauer, wou dëst Joer fir d‘éischt am Proporz-System gewielt gëtt a wou de Buergermeeschter no laange Joren an der Politik ophält.

Nach ass hien de Chef am Gemengerot, mä de Marco Schank zitt no 42 Joer e Schlussstréch ënnert seng politesch Karriär.

„Wéi ech virun dräi Joer an der Chamber opgehalen hunn, war dat fir déi Jonk bäi ze loossen an hei ass et d‘selwecht.“

Ma d‘Populatioun ass iwwer 3000 geklommen an der Gemeng a wie kandidéiere wollt, huet dat op enger Lëscht misse maachen. E grousse Changement, op deen an der Gemeng wuel déi mannst gewaart hunn. De Marco Schank erkläert:

„D‘Leit rëselen och deelweis de Kapp. Och fir meng Begrëffer ass dee Seuil vill ze niddreg. Dee misst wéinstens bei 6.000 leien. Vläicht nach méi héich. Et ass esou scho schwéier, fir Leit ze fannen, déi sech wëllen engagéieren. Mat 3.150 Awunner ewéi hei lo, huet ee keng Masse critique, fir Leit ze beweegen. Mir hunn elo zwou Biergerlëschten. Grouss Parteien haten allerdéngs keng Chance, fir hei Lëschten opzestellen, och wann et Versich gouf.“

Proporz eréischt vu 6.000 Awunner un ass och eng Fuerderung vum Gemengesyndikat Syvicol. A grousse Gemengen hunn d‘Lëschten och e Virdeel.

„Well d‘Leit awer do dacks méi wäit fort si vun de Kandidatinnen a Kandidaten. A well si net jidderee kennen, baséiere si sech vläicht nach méi op de Programmer. Wat net heescht, dass Biergerlëschten a klenge Gemengen net och sollen e Programm hunn“, esou den aktuelle Buergermeeschter vun Esch-Sauer.

Ausser bei de Walen ännert sech wéinst dem Wiessel an de Proporz-System net vill. De Gemengerot vergréissert sech allerdéngs ëm zwee Sëtz. An dee wäert déi selwecht Mammutaufgab hunn, betount de Marco Schank: d‘Infrastruktur an an tëscht 13 verschiddenen Uertschaften, déi d‘Gemeng Esch-Sauer ëmschléisst, ze finanzéieren.

„Wa mir e grousse Projet hunn ewéi eng Sportshal oder eng Maison relais, da kënnt zum Beispill de Stroossebau ze kuerz.“

Infrastrukturprojete ginn et an der Gemeng genuch. En neie Schoulcampus, mä och en neie Veräinssall hannert dem Gemengenhaus zu Eschduerf. An der fréierer Schoul soll e Restaurant entstoen. Iwwerdeems de Marco Schank hofft, dass och deen neie Gemengerot sech an Logementsprojete fir d‘Leit aus der Géigend engagéiert.