De Stol-Gigant Arcelor-Mittal baut säin neie Siège an der Avenue Kennedy um Kierchbierg direkt nieft dem Héichhaus.

Den 21. Juni ass um Kierchbierg den éischte Spuedestéch vum K22, dem prestigiéise Gebai,, dat de Star-Architekt Jean-Michel Willmote fir ArcelorMittal entworf huet. Am Virfeld gëtt et politescht Gestreits. De Siège ass vill ze grouss fir de Stolris. D’Regierung plangt d’Halschecht vum K22 ze kafen.   15.000€ de m2 fir Bürosfläch ass ze deier, fënnt de Laurent Mosar. D’Regierung géif sech virun enger integraler Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun drécken, mat der Excuse et wiere keng Suen do. An da géif een 273,5 Milliounen Euro ausgi ginn, fir Arcelor-Mittal entgéint ze kommen. De Stolgrupp, deen am éischte Quartal vum Joer iwwer 1 Milliard Benefice gemaach hätt.

15.000€ oder 4.400€ de m2?

Wat de m2 Präis ugeet, ass ee sech net eens. Iwwerdeems den CSV-Deputéierte mat der Netto-Bürosfläch rechent (18.000m2), hëlt de Bauteminister François Bausch d’Brutto-Fläch a kënnt op ronn 4.400€ de m2. D’Jean Monnets-Gebai um Kierchbierg huet senge Berechnungen no 3.296€ de m2 kascht, den 3. Tuerm vum Geriichtshaff 3.275€.

“Et ass e bësse méi deier. Mee dat läit dorunner, datt et e grousst prestigiéist Gebai ass. Et ass e Virzeigebprojet, och fir ArcelorMittal. Well hei e Gebai a Stol a Glas esou konnt gebaut ginn. Do hu mir och en Interêt drun. Oder wëlle mer keen Industriestanduert méi sinn? Wann een dat mengt, muss een dat soen, do hunn ech awer eng ganz aner Meenung.” Esou de François Bausch. Dee betount, datt de Staat de Baukäschtepräis bezuele géif. ArcelorMittal also kee Benefice op der Vente maache géif.

ArcelorMittal mellt sech zu Wuert

De m2 Präis wier ënner anerem op d’Komplexitéit, d'Qualitéit an d’Technik vum Gebai zréckzeféieren. Deelt ArcelorMittal schrëftlech mat. Den neie Siège géif d’Skyline vu Lëtzebuerg markéieren. De Stolgrupp schreift, e wéilt sech net an déi politesch Debatt amëschen. Informéiert awer och, datt e bis ewell keen anere Keefer gesicht hätt. Sollt de Staat sech awer zréckzéien, bestéing d'Méiglechkeet e Privat-Investisseur ze fannen.

Chamber muss entscheeden

De Projet zréckzéien oder nei verhandelen ass weder fir de Bauteminister, nach fir d’Finanzministesch Yuriko Backes eng Optioun. Si spillen der Chamber de Ball zou. D’Deputéiert missten decidéieren, ob si mam Finanzéierungsgesetz fir de Kaf averstane wieren oder net.

Sollt de Staat d’Halschecht vum neien ArcelorMittal-Siège kafen, ass och nach net kloer, ob en d’Büroe selwer notze wäert oder se verlount ginn.