Den Iwwerbléck virum Walsonndeg an der Haaptstad

Modern an Almoudesch: d’Stad ass pittoresk a charmant, duerch hiren Heritage, hir Festung, de Kasematten, dem Palais a vill anere Patrimoine.
Plazeweis gesäit ee souguer nach e Bauer mam Trakter. D’Stad Lëtzebuerg ass awer och eng europäesch Haaptstad, bekannt virun allem duerch d’Finanzplaz, déi sech natierlech net just op de Stater Territoire beschränkt, mee sech dach sech an den Tierm vum Kierchbierg erëmgespigelt. Oder nach am Bling-Bling Stil vu Chic- oder Luxus-Geschäfter, déi mat de méi klassesche Geschäfter, Caféen a Restaurante kontrastéieren. Ëmmer nees gi Fermeturë bedauert.
D’Populatioun vun der Haaptstad ass besonnesch déi lescht 3 Joer vill gewuess a läit elo bei 133.000. Just eng 45.000 si fir d’Walen ageschriwwen. Al réimesch Verhältnisser kéint ee soen. An der Stad héiert een och vill verschidde Sproochen. Et wunne méi Net-Lëtzebuerger do ewéi Lëtzebuerger an zwar bal 71%. D’Lëtzebuerger sinn awer déi gréisst Minoritéit mat bal 39.000 Awunner. Hannendru kommen d’Fransouse mat 21.000, dann d’Portugisen mat 12.000. Bei d’Populatioun kommen dann och nach vill Leit vu baussen. Fir wat ze maachen? Fir déi allermeescht heescht d’Äntwert: "Schaffen". Jo an der Stad konzentréiere sech een Drëttel vun den Aarbechtsplaze vum ganze Land, dofir awer just ee Fënneftel vun der Gesamtpopulatioun. D’Stad zitt trotz all senge Boboe vill un, net just mee och ënnert anerem well d’kommunal Gewerbesteier déi niddregst ass. Se gouf iwwregens just virun de Gemengewale vun 2005 erofgesat. D’Stad zitt awer u fir Administratives oder fir an d’Spidol oder op de Fluchhafen. Donieft ginn et an der Stad jo puer Plaze fir rauszegoen, d’Philharmonie, Muséeën, Theateren, Kinoen, e Skatepark. Keen Zoo awer, keen Hafen, keng kënschtlech Schipist.
U wat et am meeschte feelt an der Stad, dat ass u Wunnengen: den Desequiliber tëscht Aarbechtsplazen an Awunner an eng relativ séier Croissance maachen der lokaler Politik am meeschte Kappzerbrieches: sief et fir d’Stad auszebauen, mat Wunnraum an Infrastruktur. Sief et fir Bus-Tram-Zuch, Auto, SUV, Vëlo a Foussgänger ënnert een Hutt ze kréien. Sief et fir d’Onsécherheetsgefill vu Verschiddener ze calméieren. D’Stad erënnert un e pubertäre Jugendlechen, dee vum séiere Wuesstem seng Schanke wéi huet.
Politesch ass d’Stad Blo. Eng DP-Héichbuerg, mee keng Festung. D’DP huet zanter dem 2. Weltkrich de Buergermeeschterposten, mat Ausnam vun de Joren 64 bis 69 wou d’Sozialisten en haten. Allerdéngs huet d’DP bei den zwou leschte Walen all Kéiers ee Sëtz verluer. Mat 9 Sëtz vu 27 um Knuedler ass se nach ëmmer Nummer 1, mee d’CSV lauert mat 7 Sëtz just hannendrun. Och wann déi hir 5 Sëtz verdeedegt kruten huet d’DP no de leschte Wale keen anere Choix gesinn, ewéi mat deene Schwaarzen eng Koalitioun ze bilden. Mathematesch hätt d’DP iwweregens zanter 2005 kënnen no all Wal Affer vun enger Koalitioun vun CSV, Gréng an LSAP ginn, mee souwäit koum et ni.
D’Resultat vun de Walen ass dës Kéier an e puer aneren Hisiichten interessant: Huet d’CSV d’Wieler iwwerzeegt a kritt hire gudde Score vun 2017 verdeedegt oder verbessert? Wéi wäit krute Gréng an LSAP d’Wieler iwwerzeegt, datt Verännerung néideg wier? Wéi een Afloss hunn déi kleng Parteien Lénk, Adr, Piraten a Fokus? Wat mécht d’DP mat all deem, wa se weider am meeschte Sëtz huet? An iwweregens, wie kritt bei der DP am meeschte Stëmmen an domadder Usproch op de Buergermeeschterstull?