Am ReplayGrouss Wal-Emissioun op RTL Télé Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Vun 19 bis 24 Auer hu mir Iech an eiser grousser Wal-Emissioun mat um Enn enger Elefanteronn mat de Spëtzekandidaten iwwer d'Gemengewalen informéiert.

Deel 1: Vun 19 bis 19.30 Auer

Grouss Wal-Emissioun op der Tëlee
Am éischten Deel vun der Emissioun hu mir déi éischt Resultater presentéiert a mat den Invitéen Djuna Bernard a Sven Clement iwwer d’Gemengewalen diskutéiert.

Deel 2: Vun 20 bis 20.40 Auer

Grouss Wal-Emissioun op der Tëlee
Am 2. Deel vun der Emissioun waren d’Djuna Bernard (Déi Gréng), de Ben Streff (LSAP) an de Christophe Hansen (CSV) invitéiert.

Deel 3: Vun 21 bis 21.40 Auer

Grouss Wal-Emissioun op der Tëlee
Am 3. Deel vun der Emissioun waren de Fred Keup (ADR), de Claude Lamberty (DP) an d’Carole Thoma (Déi Lénk) invitéiert.

Deel 4: Vun 22 bis 22.40 Auer

Grouss Wal-Emissioun op der Tëlee
Am 4. Deel vun der Emissioun ware schonn eng Partie Gemengen ausgezielt. Invitéiert war de Claude Wiseler (CSV).

Elefanteronn mat de Spëtzekandidaten

Elefanteronn mat de Spëtzekandidaten
Um Sonndeg den Owend waren d’Spëtzekandidate vun de grousse Parteie bei eis am Studio an hunn zesummen op d’Resultater vun de Gemengewale gekuckt.

Back to Top
CIM LOGO