WolzÄra Arndt/LSAP eriwwer - CSV/DP iwwerhuelen d'Rudder

RTL Lëtzebuerg
D'LSAP-Héichbuerg Wolz gëtt an Zukunft vu schwaarz-blo regéiert, mat un der Spëtzt der CSV-Buergermeeschtesch Carole Petitnicolas-Weigel.
© RTL / Ketty a Rom Hankes

Dat confirméiert d’CSV en Dënschdeg de Moien, nodeems si e Méindeg de Moie Sondéierungsgespréicher mat de Liberalen an e Méindeg den Owend mat de Sozialisten haten.

Éischte Schäffe gëtt d’CSV-Politikerin Chantal Gasper-Kauffmann an 2. Schäffen den DP-Mann Amel Cosic.

Den aktuelle Wëlzer Buergermeeschter Fränk Arndt, deen zanter Juli 2009 un der Spëtzt vun der Nord-Gemeng steet a géint dee Virwërf vu Korruptioun am Raum stinn, hat zwar 224 Stëmme verluer am Verglach mat 2017, ma war trotzdeem beschtgewielten.

© RTL / Ketty a Rom Hankes

D’LSAP huet e Sonndeg 6,8 Prozentpunkte verluer par rapport zu 2017, mee ass awer nach déi stäerkst Partei mat 38,6 Prozent. Fir d’CSV war et e plus vun 2,5 Prozentpunkten op 37,3 Prozent.

No der Fusioun vu Wolz a Eeschwëller 2015 gouf et am Norden eng Koalitioun LSAP-CSV. Déi nächst 6 Joer as¨s Wolz deemno mol CSV/DP.

Déi ganz Resultater vu Wolz an der Iwwersiicht.

Back to Top
CIM LOGO