De Statec huet eng Tabell, an där festgehalen ass, wéi héich d'Salairen am Schnëtt an deene verschiddene Gemengen zu Lëtzebuerg sinn.

An dëser sinn d'Moyennen an de Median vun de Paie festgehalen, déi d'Leit, déi an deene verschiddene Gemenge liewen, verdéngen.

Am Meeschte verdéngen deemno - statistesch gesinn - d'Residente vun der Gemeng Nidderaanwen. Dat mat enger Pai vun an der Moyenne 12.645 € de Mount. De mediane Salaire läit hei bei 6.659 €. Dat bedeit, dass d'Hallschent vun de Leit, déi an der Gemeng wunnen e méi héijen an déi aner Hallschent e méi nidderege Salaire hunn.

90 % vun de Residente vun Nidderaanwen verdéngen iwwerdeems méi ewéi 2.234 € de Mount an 10 % verdéngen esouguer iwwer 21.875 €.

Wat dem Statec opfält ass, dass et déi héchste Salairen an der Stad a virun allem am sougenannte Speckgürtel ronderëm d'Haaptstad gëtt. Dat géing un der Presenz vu grousse Finanzinstituter, Multinationalen an europäeschen Organisatioune leien.

Um aneren Enn vun der Skala läit dann d'Gemeng Wolz. Hei verdéngen d'Awunner an der Moyenne 4.072 € de Mount an de Median vun de Salairë läit bei 3.167 €. 10 % vun de Wëlzer hunn eng Pai vu 6.444 € de Mount oder méi.

De Statec kuckt de Brutto-Salaire pro Mount a baséiert sech op Donnéeë vun der Sécurité sociale. D'Independante ginn net agerechent.