Propos vun der CSV am Logement ass net ëmsetzbar

© Serg Pauly / RTL
De Franz Fayot wërft der CSV vir, am Dossier Logement Solutiounen ze proposéieren, déi net realisabel wieren.
Der CSV hir Propos, fir d'TVA op den Investissementer a Locatiounswunnenge vu Privatinvestisseuren temporär op dräi Prozent erofzesetzen, wier eng "falsch gutt Iddi, déi iwwerhaapt net realisabel ass", esou den LSAP-Wirtschaftsminister bei der Presentatioun vun der Regierung hirem Mesure-Pak, fir de Bausecteur z'ënnerstëtzen.
Dem Franz Fayot seng Äusserunge ware kloer adresséiert: "Et ass och scho verwonnerlech, dass eng seriö Partei mat engem Jurist, dem Luc Frieden, als Spëtzekandidat, deen dat am Fong misst wëssen, wann en eng Kéier géif e Bléck an déi Direktiv geheien. Mir hunn net déi Marge de manoeuvre, fir un deen Taux do ze goen, well soss géif eisen Taux réduit, dee mer am Fong bëssen als eng Extrawurscht hunn als Land, falen an da géife mer alleguerten, da géife mer erëm mat 17% TVA bei der Creation de Logement an deen normalen Taux zeréckfalen, wat mengen ech wierklech a kengem sengem Sënn ass."
Dat soll heeschen, datt d’Constructiounsaarbechten och fir Proprietären nees géifen méi deier ginn, déi elo vun engem superreduzéierten Taux vun dräi Prozent op engem Montant vu maximal 50.000 Euro kënne profitéieren.
De Franz Fayot sot: "An ech mengen, et ass geféierlech, fir déi Mesure ëmmer erëm ze presentéieren als e bëssen esou déi Mesure miracle an der Kris vun der Konstruktioun, well si ass ganz einfach net machbar."