De bekanntste franséische Royalist Stéphane Bern war op Besuch zu Lëtzebuerg fir Nationalfeierdag.

Hie setzt sech fir de Patrimoine an an honoréiert déi al franséisch a Lëtzebuerger Geschicht. Zanter kuerzem ass hien och en Acteur.

An eisem Sonndesinterview geet de Journalist a Schrëftsteller Stéphane Bern op seng Racinnen zu Lëtzebuerg an a fënnt et schued, wéi d'Haaptstad sech iwwert déi lescht Jore verännert huet. Hie freet sech, no vill Iwwerzeegungsaarbecht, op de Retour vu Lëtzebuerg op d'Eurovisioun.

Tim Morizet: Äre Lien mat Lëtzebuerg geet wäit zeréck. Zeréck bis bei Är Grousselteren. Wéi huet sech Är Relatioun mat Lëtzebuerg iwwert déi lescht Jore geännert?

Stéphane Bern: No sou ville Joren huet sech d'Relatioun natierlech verännert. An awer ass se nach ëmmer iergendwéi déi nämmlecht. Déi nämmlecht viszeral Relatioun, déi vill Lëtzebuerger mat hirem Land hunn. Ech liewe gutt a Frankräich, ech sinn och Fransous. Mä ech hu réischt mat 10 Joer rausfonnt, datt ech franséisch sinn. Ech hu mech ëmmer als Lëtzebuerger gespiert, och wann et puer Joer gedauert huet, bis datt ech de Pass kritt hunn. Dat ännert a priori awer näischt. Ech fille mech staark attachéiert zu mengem Grand-Duché. Ech kommen och reegelméisseg Heem. Ech liewe gären hei. Ech hu bekannte Kolleegen hei, onbekannte Kolleegen, nach puer Familljememberen, ech besiche se gären.

Ech si jo och passionéiert fir Geschicht. Passionéiert fir Patrimoine. Ech hu gesinn, wéi Lëtzebuerg sech iwwert déi lescht Joren evoluéiert huet. Et goufen Amenter a mengem Liewen, an deenen ech Problemer hat, d'Evolutioun ze akzeptéieren. Ech war attachéiert un e Lëtzebuerg aus menger Kandheet an hat d'Gefill, datt een e bësse verrode gouf, well et sech verännert huet. Mat der Zäit hunn ech awer gemierkt, datt d'Lëtzebuerger an d'Residenten zefridde sinn. Esou hunn ech mech dann och un en neit Lëtzebuerg adaptéiert.

RTL

© RTL

TM: Mat engem Agenda, deen uerdentlech voll ass – wéi vill Zäit verbréngt Dir effektiv nach zu Lëtzebuerg?

SB: Ech hunn net ëmmer Zäit fir Lëtzebuerg ze besichen. Ech sinn den Ament vill gefrot a Frankräich wéinst menger Patrimoines-Emissioun. Ech hunn a villen Dierfer Monumenter gerett; 800 insgesamt. Dir kënnt Iech also virstellen, datt ech aktuell bei villen Inauguratioune participéieren. Et feelt mer da bëssen Zäit. An heiansdo brauch een dann och emol e bëssen Zäit fir sech.

Ma allkéiers, wann eng Invitatioun kënnt an et ass nëmme méiglech, da kommen ech erop. Wéi dës Woch fir Nationalfeierdag. Et huet sech gutt erginn, datt et e verlängerte Weekend war. An et gëtt mer d'Méiglechkeet, meng gutt Kolleegen ze gesinn. Ech kennen d'Buergermeeschtesch mëttlerweil och schonn iwwer 30 Joer. Ech genéissen et, mech an de Stroosse vu Lëtzebuerg ze verléieren. Ech adoréieren d'Grand-Rue. Mä se huet sech verännert. De Knuedler och. Mä ech sinn net nostalgesch. Net méi. Ech hunn de Grand-Duché esou gären, wéi e seng Leit glécklech mécht.

TM: Hutt der vläicht eng oder zwou Anekdote vun Äre beschten Amenter zu Lëtzebuerg?

SB: Déi flottsten Deeg waren déi an der Famill. Ech hu quasi all meng Chrëschtdeeg bei menge Grousselteren um Belair verbruecht. Mir sinn deemools nach am Wanter mam Schlitt a mat de Schi duerch de Park gefuer. Am grousse Park an der Stad. Deemools gouf et nach Schnéi. Dat gëtt et haut esou net méi mat der Klimaerwiermung. Impressionant Momenter.

Ech ka mech un een Nationalfeierdag erënneren. Deemools war de Xavier Bettel nach Buergermeeschter mengen ech. Hien hat mech owes op d'Parad invitéiert an duerno si mer bei de Pont Adolphe fir d'Freedefeier ze kucken. Deen Ament hunn d'Fransouse vun der Moselle mech erëmerkennt. Ech hu mech séier hannert dem Buergermeeschter verstoppt. Dat hat mech e bësse genéiert. Ech verstinn de franséischen Enthusiasmus, mee wann ech zu Lëtzebuerg sinn, sinn ech léiwer inkognito ënnerwee.

TM: Geléngt et Iech dann, inkognito ze bleiwen? Wéi schwéier ass dat fir Iech?

SB: Dat geet zu Lëtzebuerg relativ gutt. D'Leit si ganz respektvoll. Vill Leit hu mech als Kand kannt. Se sinn also haut e bësse méi al. Deemools huet sech nach jiddereen an der Groussgaass Moie gesot virum Namur. Oder beim Oberweis. Meng Bom huet mech dacks mat dohi geholl. D'Lëtzebuerger haut respektéieren, datt ech bei der Famill sinn. Datt ech a menger klenger friddlecher Welt sinn. Et ass e bësse meng Vakanz vu Frankräich, wann een esou wëll.

RTL

© AFP

TM: Elo war Dir jo fir Nationalfeierdag hei. En Dag, op deem d'Monarchie gefeiert gëtt. Wou koum Ären Interessi fir d'Monarchie hier?

SB: Et ass ganz einfach. D'Monarchie ass dat, wat gemaach huet, datt Lëtzebuerg nach ëmmer Lëtzebuerg ass. Ouni Monarchie wier Lëtzebuerg haut iergendee franséischen Departement. D'Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg ass senger Monarchie ze verdanken. Ech si stolz drop, Lëtzebuerger Blutt ze hunn. Lëtzebuerg, e Land dat wärend dem zweete Weltkrich resistéiert huet mat enger Grand-Duchesse Charlotte, déi sech fir hiert Land agesat huet.

Et ass intressant och wéi d'Monarchie evoluéiert. Wéi eng Famill, evoluéiert sech dëse System fir ze gouvernéieren och iwwert d'Generatiounen. De Grand-Duc behëlt sech net ewéi säi Papp oder seng Groussmamm.

RTL

© Stand Speak Rise Up!

Aner Avantagë sinn Initiativen, ewéi d'Grand-Duchesse se mat "Stand Speak Rise up" an d'Liewe geruff huet. Eng Organisatioun, déi sech géint Gewalt u Fraen asetzt. Eng wichteg Aarbecht, ewéi een och grad an der Ukrain oder am Afghanistan gesäit. Sou Initiative gi méi rar vun der Fra vun engem President geréiert. Dat ass en Avantage vun der Monarchie. A si mer mol éierlech: wie géif vu Lëtzebuerg schwätzen, wann et eng Republik mat President wier?

No enger kuerzer Ënnerbriechung via Telefon vun der Grande-Duchesse, fir nozefroen ob de Stéphane Bern schonn Doheem ukomm wier, goung den Interview weider.

TM: Am Februar krut Dir zu Paräis bei der Zeremonie "Des Lauriers de l‘audiovisuel" e Präis iwwerreecht. Iwwerraschend vun der Grand-Duchesse. Wéi ass Är Relatioun mat hir? Wéi huet dës sech iwwert déi lescht Jore verännert?

SB: Si ass eng Fra, déi ech immens admiréieren. Ech wier frou, wann d'Leit se all esou gären hätten, ewéi ech. Ech mengen dat ass och de Fall bei der Majoritéit vun de Lëtzebuerger. Si ass eng Fra mat Temperament. Dat appreciéieren ech. Si schwätzt mat hirem Häerz. Dat ass een esou zu Lëtzebuerg net gewinnt. Vill Leit si méi zeréckhalend. Si bréngt dësem Land eppes Staarkes. Ech hu sëlleg Bicher iwwert d'Famill vum Haff geschriwwen. Mir kennen eis dohier richteg gutt an dofir ass si fir mech méi ewéi eng gutt Frëndin. Ma ech si keng Famill, dofir halen ech meng Distanz, wann néideg.

TM: Dir sidd zanter Joren engagéiert bei der franséischer Tëlee engagéiert fir d'Eurovisioun ze kommentéieren. Lëtzebuerg ass jo vum nächste Joer u mat vertrueden. Wou kënnt är Passioun fir d'Eurovisioun hier?

SB: Déi Passioun kënnt aus menger Passioun fir Europa. Wann der Lëtzebuerger sidd, da sidd der och e richtegen Europäer. Meng Mamm huet als Iwwersetzer geschafft. Si huet Lëtzebuergesch geschwat, Franséisch, Hollännesch, Däitsch, Englesch, Italieenesch. Mir hunn Doheem ganz vill Sproochen héieren an dofir hat ech ëmmer d'Gefill, am Zentrum vun Europa ze sëtzen an dat huet mer gutt gefall. An d'Eurovisioun ass dat zweet Evenement, dat no der Europameeschterschaft am Futtball déi meeschte Leit zesumme bréngt. 130 Millioune Spectateuren. Ech fannen et absolut genial, esou eppes ze presentéieren.

Et gëtt fir mech elo dat zéngt Joer, datt ech d'Eurovisioun op der franséischer Tëlee presentéieren an ech hu laang op Lëtzebuerg gewaart. Ech hu laang probéiert, ze iwwerrieden. D'Anne-Marie David an ech hu Videoen op Instagram an Twitter gepost an hu probéiert, de Lëtzebuerger Premier ze iwwerrieden, datt de Grand-Duché soll participéieren. Hie kënnt selwer all Joer op d'Eurovisioun. Dofir sinn ech frou, datt Lëtzebuerg nees an d'Course kënnt.

TM: D‘Summervakanz steet virun der Dier. Fir déi meescht Leit heescht dat Rou. Wat steet fir Iech déi nächst Méint um Programm?

SB: Vill vum übleche Programm. Déi nei Vakanzebicher "En vacances avec Stéphane Bern. Spécial histoire" si bei mengem neie Verlag Plon erauskomm. Da schaffe ma un engem Buch mat Paris-Match dat "La Reine et la France" heescht, well d'Queen Elizabeth Frankräich immens gären hat. Am Kader vum éischte Joresdag brénge mer e Buch eraus mat Fotoe vun hire Visitten a Frankräich aus der Paris-Match eraus. Ech këmmere mech ëm d'Texter.

Ech probéiere mech als Acteur. Ech wäert zwee an en hallwe Mount fort op Dréiaarbechte sinn. Et geet ëm e Personnage, dee Belfond heescht. Hien ass Affekot. Et gi schonn zwou Episoden: Zwou neier ginn am September an am Oktober gefilmt. Et ass ëmmer gutt, Grënn ze hunn, fir ze reesen. Ech bäissen an d'Liewen ewéi an en Apel. Ech wëll de Maximum aus menger Zäit maachen.

Fënnef kuerz Froen un de Stéphane Bern

1. Wéi eng Dommheete kréien ech ëmmer an engem Touriste-Geschäft?

SB: Ech kafen all Sauerei: Magnéiter, kleng Eiffeltierm. Zu Lëtzebuerg kafen ech ëmmer kleng Porte-Cléë mat mat der Kroun oder soss Saachen drun. Ech hunn och sëllege Postkaarte mat der groussherzoglecher Famill drop.

2. Mat wat hätt der gäre vill éischter ugefaangen?

SB: Ech hätt gären éischter mam Sport ugefaangen. Ech war kee Frënd vu Sport, wou ech nach jonk war. Haut hëlleft et ze verstoppen, datt ech e bëssen an den Alter komm sinn.

3. Wat maacht Dir wierklech net gären?

SB: All déi administrativ Pabeieren an Deklaratiounen. Ech probéiere se awer selwer ze maachen. Ech hunn eng Collaboratrice, déi hëlleft a mech un Delaien erënnert.

4. Wéi eng Gewunnecht géift Dir gäre lassginn?

SB: Datt ech net jidderengem ëmmer "Jo" zu allem soen.

5. Sidd dir e jalouse Mënsch?

SB: Nee, ech si guer net jalous. Il y a dans la jalousie plus d'amour-propre que d'amour.