De Gesetzesprojet war néideg ginn no engem Urteel vum Verfassungsgeriicht virun zwee Joer.

An dësem war festgehale ginn, dass d’Attributioune vun de Beruffer net kënnen an engem groussherzogleche Reglement gereegelt ginn, mee e Gesetz brauchen, erkläert d’Rapportrice Cécile Hemmen vun der LSAP.

Cécile Hemmen: "Laut deem Urteel vum Verfassungsgeriicht ass et net mat eiser Verfassung compatibel, dass d'Attributioune vun dëse ronn 20 Beruffer a groussherzogleche Reglementer niddergeschriwwe sinn. Si mussen och am Gesetz verankert sinn."
 
Concernéiert sinn ënner anerem Beruffer wéi Infirmière, Aide soignant oder Hiewan.

Och wann den Text mat "Gesetzesprojet iwwert d'Revalorisatioun vu Gesondheetsberuffer" iwwerschriwwe war, gëtt et déi net wierklech, wéi d'Nathalie Oberweis vun Déi Lénk ugemierkt huet.

Nathalie Oberweis: "Hei geet et net ëm d'Häerzstéck vun der geplangte Reform vun de Gesondheetsberuffer, déi eis säit Jore versprach gëtt. Dat hei ass just e Formalitéitegesetz wou d'Reglementatioune vu Gesondheetsberuffer, wéi zum Beispill d'Osteopathen ugepasst ginn a verschiddene Kontradiktioune mam europäesche Rechtskader korrigéiert ginn. Den Ulass vun dësem Gesetzesprojet ass virop aus der Verfassungswiddregkeet eraus entstanen."
 
Eng Aschätzung, déi d'Politiker vun allen anere Parteien och gedeelt hunn. Et misst een un der Attraktivitéit vun de Gesondheetsberuffer schaffen, fir enger Penurie entgéint ze wierken.
 
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet ugemierkt, dass een esou eng Reform net kéint a sollt iwwert de Knéi briechen.