Wou dréckt de Schong beim Adapto-Service?
Den Adapto-Service soll et Leit mat kierperlechen oder mentalen Aschränkunge méi einfach maachen, vun A op B ze kommen. Ma dat klappt net ëmmer.
Verspéidungen, Leit, déi op der falscher Plaz erausgelooss ginn, Reservatiounen, déi net agehale ginn: Geschichten iwwert de Service Adapto maachen aktuell d’Ronn duerch d’Press an déi sozial Reseauen. Am Oktober gëtt och eng Petitioun iwwert de Service an der Chamber gelauschtert. Dëse war eréischt virun 3 Joer reforméiert ginn.
Wann de Victor Wolff en Adapto fir seng Duechter Catalina bestellt, da mécht hien dat iwwert d’App. D’Catalina huet Trisomie 21 an dofir ginn et e puer Saachen, déi de Chauffeur muss wëssen, deen um Adapto fiert. "Ech schreiwen dann hei dobäi, dass d’Catalina net dierf einfach op der Strooss rausgelooss ginn, well dat ass scho geschitt", esou de Papp.
Fir Mënsche mat enger kognitiver Aschränkung ass dat geféierlech. D’Presidentin vun der Trisomie 21 asbl an d’Mamm vum Catalina erzielt, dass et ëmmer nees zu esou Situatioune kënnt: "Mir haten och schonn de Fall, dass ee vun eise Memberen op ee Concert zu Iechternach wollt goen, a well de Chauffeur den Trifolion net fonnt huet, huet en de Mann einfach iergendwou rausgelooss. Zum Gléck hu Passante gesinn, dass eppes net an der Réi war, a si mat him bei den Trifolion gaangen."
Et ass e Service dee vun Trottoir zu Trottoir geet, d’Chauffeure si verflicht beim Ran- a Rausklammen ze hëllefen. Si dierfen awer net mat de Leit era goen. Et gi Formatioune fir d’Chauffeuren ugebueden, 40 bis 50 Seancen d’Joer ginn esou organiséiert. "Et ass verständlech, dass een sech wënscht, dass e Service gutt fonctionéiert. Och eis ass dru geleeën, dass de Service gutt funktionéiert. Mir sinn a reegelméissegem Austausch mat Associatioune, mat Info Handicap zum Beispill oder och mat Leit, déi am Conseil supérieur des personnes handicapées sinn, och mat betraffene Leit", erzielt d’Annick Trmata, d’Directrice Adjointe vun der Mobilitéitszentral.
2020 ass de Service reforméiert ginn. De gréissten Ënnerscheed, deen d’Notzer vum Adapto-Service betrëfft, ass, dass si net méi bei der Busfirma direkt bestellen, mä iwwert ee System. De ganze Reseau ass deemno op enger Plaz zentraliséiert. Et kann een an der Mobilitéitszentral uruffen an eng Faart bestellen oder awer iwwert eng App reservéieren.
D’Zentralisatioun géif de System méi effizient maachen, et kéint een d’Ressourcë besser notzen. 800 Leit kënnen esou zum Beispill an engem Dag gefouert ginn, mat 600 Servicer. "Natierlech sinn ëmmer just déi Leit, wou e Probleem war, déi sech manifestéieren. Déi aner manifestéiere sech am Fong net. Wann ech awer gesinn, wéi vill Clientë mir awer féieren, dann ass dat mengen ech nach e ganz gudde Pourcentage", esou d’Annick Trmata. Zum Beispill 2022 sinn et am ganzen 157 Reklamatioune ginn.
D’Trisomie 21 asbl ass eng vun den Asblen, déi bei der Petitioun matgemaach hunn. Wéi d'Presidentin vun der Asbl Martine Eyschen erkläert, hätt een Ufuerderungen zesumme geschriwwen, déi op den Erfarunge vu Betraffene baséieren:"Leit, déi net gesinn, hu ganz aner Probleemer wéi mir elo vun der Trisomie mat engem Handicap mentale. Déi gesi jo zum Beispill net, wann en Adapto do steet an dat ass e Probleem, deen hinne passéiert. Deen ass do, e manifestéiert sech net, d'Leit stinn do ze waarden an op eng Kéier ass de Bus fort an et weess kee wat geschitt ass."
Leit an all Alter a Liewensrealitéit notzen de Service, jiddereen huet seng ganz eege Besoinen a Wënsch. De Service Adapto huet eng grouss Verantwortung, en ass e wichtege Pilier fir e selbstbestëmmte Liewen. Meeschtens geet alles gutt, mee eben net ëmmer.