Bettel bleift Wonschpremier, Frieden klëmmt op Plaz 2 viru Lenert
Véier Méint virun de Wale stellen d’Wieler der aktueller Regierung eng éischter gutt Zensur aus.
Dat geet aus de Resultater vum neiste Politmonitor ervir, fir deen d’Ilres no de Gemengewalen am Optrag vu Luxemburger Wort an RTL iwwer 1.000 Leit befrot huet.
Zwee Drëttel vun de Wieler zéien e positive Bilan vun der Regierungsaarbecht
Néng Prozent sinn der Meenung, datt d’Regierung eng "ganz gutt" Aarbecht geleescht huet. Am Detail gëtt et awer Nuancen, wéi d’Manon Breden vun der Ilres erkläert: "Zwee Drëttel vun de Befrote sinn der Meenung, datt d’Regierung eng gutt Aarbecht geleescht huet, par rapport zur Verbesserung vun der Mobilitéit. A fir eng gutt allgemeng Gesondheetsversuergung ze garantéieren."
Evaluatioun Aarbecht
Just nach d’Hallschent vun de Leit sinn zefridden domat, wéi d’Regierung d’Inflatiouns- an Energiekris geréiert huet. An nach méi kritesch gëtt et bei de Mesuren, déi d’Regierung géint d’Klimakris geholl huet: "Hei si méi Leit onzefridden wéi zefridde, mat deem wat an de leschte fënnef Joer geschafft ginn ass. An och fir en effikassen a gerechte Schoulsystem ze suergen. Hei si just nach een Drëttel zefridde mat der Aarbecht vun der Regierung."
Spezifesch Bewäertung
Carrement onzefridde sinn zwee Drëttel vun de Wieler, wat d’Efforten uginn, fir d’Aarmut ze bekämpfen a fir Steiergerechtegkeet ze suergen – déi grouss Steierreform ass ni komm: "Hei gesi mer och, datt wärend d’Stammwieler vun de Regierungsparteien bis elo iwwerall relativ positiv agestallt waren, datt sech hei awer och elo d’Stammwieler vun deene Gréngen an der LSAP der Onzefriddenheet vun der Majoritéit uschléissen."
Guer keng gutt Zensur gëtt et, wat d’Mesurë géint d’Logementskris a fir d'Schafe vu bezuelbarem Wunnraum ugeet, esou d’Manon Breden: "Hei bewäerte (…) ganzer 8 vun 10 Befroten d’Aarbecht vun der Regierung als schlecht. D’Hallschent seet éischter schlecht an déi aner Hallschent seet esou guer ganz schlecht. Dat bleift d’Haaptsuerg vun de Leit zu Lëtzebuerg an domat och den Haaptprobleem fir d’Regierung."
Alles an allem gesäit awer esouguer méi ewéi d’Hallschent vun der CSV hire Stammwieler d’Aarbecht vun der blo-rout-grénger Regierung positiv.
Wéi en/eng Kandidat/Kandidatin wëllen d’Wieler no de Walen am Staatsministère gesinn?
De Xavier Bettel huet weiderhin d’Nues vir. E knappen Drëttel vun de Wieler wëll den aktuelle Premier och als nächste Staatsminister gesinn. De Luc Frieden vun der CSV konnt zanter dem Sondage am Abrëll 3 Prozent dobäi gewannen a kënnt op 23 Prozent. Hien iwwerhëlt knapps d’Paulette Lenert, déi bei 22 Prozent läit. Déi gréng Kandidatin Sam Tanson läit ofgeschloe bei véier Prozent. Dobäi confirméiert sech, esou d’Manon Breden: "Datt de Xavier Bettel ganz beléift bei deenen tëscht 18-34 Joer ass. An datt de Luc Frieden am Beléiftsten bei de Befroten iwwer 65 Joer ass."
Wonschpremier
Wéi eng Parteie respektiv wéi eng Koalitioune wëllen d’Wieler an der nächster Regierung gesinn ?
"Hei sinn LSAP, CSV an DP nach e Stéck méi no zesummegeréckelt, wéi am Abrëll, wou d’LSAP d’Nues vir hat", esou d’Manon Breden. Deemools hat d’LSAP mat 47 Prozent 5 Punkten Avance op d’CSV a sechs op d’DP. Elo leien LSAP an CSV gläich op bei 48 Prozent. Déi Liberal hunn och Punkte gutt gemaach a kommen op 46 Prozent. Grouss Verléierer sinn hei déi Gréng. Hu sech am Abrëll nach 29 Prozent vun de Wieler eng Regierungsparticipatioun vun déi Gréng gewënscht, sinn et elo just nach 22 Prozent. D’Pirate verléieren ee Punkt a kommen op 16 Prozent, wärend d’ADR an déi Lénk jeeweils ee Prozentpunkt bäileeën an op néng Prozent kommen.
"Wei eng Parteie sollen an der nächster Regierung sinn"
D'Resultater vum Sondage si Sujet en Donneschdeg am Kloertext.
D'Detailer wéi ëmmer op Alia.lu
D'Detailer iwwert d’Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir hei ënnert dësem Link oder och op Alia.lu