
Mam Energie- a Landesplanungsminister Claude Turmes an der Nord-Deputéiert Stéphanie Empain ginn déi Gréng am Oktober am Éislek an d’Walen - déi néng Kandidate goufen en Donneschdeg de Mueren an der Lëpschter Dällt presentéiert.
Wéi 2018 sinn och nees d’Ettelbrécker Conseillère Svenja Birchen an d’Tanja Duprez vun Ëlwen mat op der Grénger Lëscht.
Soss setzen déi Gréng am Norde konsequent op hir lokal Gewielt: de Biekerecher Buergermeeschter Thierry Lagoda, d’Schäffen an der Fusiounsgemeng Groussbus-Wal Christiane Thommes-Bach, de jonke Géisdrëffer Conseiller Georges Biever, grad wéi d’Gemengerotsmembere Jeannot Sanavia (Esch-Sauer) an den 2. Schäffe zu Mäerzeg, de Lex Schwind.
Anescht wéi 2018 figuréiert de fréieren Deputéierte Gérard Anzia net méi op der Grénger Nordlëscht, wou hien deemools Drëtte gouf. Och bei de Gemengewalen zu Useldeng hat sech de Grénge Politiker net méi opgesat an hëlt seng politesch Pensioun.
D’Altersmoyenne vun der Grénger Nordlëscht läit bei 42 Joer.