Invité vun der Redaktioun (23. Januar)Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Handelskammer

Claude Zeimetz
Carlo Thelen
E Mëttwoch de Moien war ënnert anerem den Handelskrich tëscht der EU an den USA Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Carlo Thelen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

E Mëttwoch de Moien war, ënnert anerem, den Handelskrich tëscht der EU an den USA Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

“Mer kënnen eis net erlaben, dass allkéiers, wann eis d’Käschten ewech lafen, op Cotisatiounshaussen zeréckgegraff gëtt.” Dat wier Gëft fir eis Betriber, déi net méi kompetitiv wieren. Dat sot den Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen als eisen Invité vun der Redaktioun.

No enger, wéi hien et genannt huet, Reformette bei de Pensioune stéing mat der Krankekeess eng weider Reform un, wou et iergendwann och net méi opgeet. Lëtzebuerg misst seng Reform-Fäegkeet erëmfannen, déi et fréier mol gouf.

Et wier un der Zäit, lo mol no de Betriber ze kucken, dass déi nees op d’Been kommen. Dodru gekoppelt gesäit de Carlo Thelen och d’Diskussioun iwwert de Mindestloun. Wann d’Produktivitéit vun den Entreprisë klëmmt, wieren och méi Suen do, fir méi Pai auszebezuelen, ergo och méi Mindestloun. De Mindestloun misst een deemno an e kompetitive Kontext setzen. Aktuell wier et op alle Fall net den Ament, dee Käschtepunkt och nach ze héijen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO