Schüler duerfte Gebai wéinst Police-Interventioun net verloossen

© Domingos Oliveira
Um 13.10 Auer ass beim CGDIS een Appell eragaangen, well op enger Toilette am Lycée Michel Rodange eng Enveloppe fonnt ginn ass, mat enger Substanz dran.
Op Nofro sot den CGDIS, dass d'Interventioun um 14.55 Auer konnt ofgeschloss ginn. An enger Toilette am Lycée Michel Rodange gouf eng Enveloppe fonnt mat enger Substanz dran. Véier Erwuessener goufe kuerz Zäit isoléiert an observéiert, hei war et d'Prezisioun, dass et keng Schüler waren.
Well keen a Kontakt mat der Substanz war, konnt een den Asaz no kuerzer Zäit ofschléissen. An der Schoul zu Rouspert hätt den Asaz e Méindegowend méi laang gedauert, well do verschidde Persounen direkte Kontakt hate mam Pudder.
Den Educatiounsministère huet RTL géintiwwer confirméiert, dass och d'Schüler aus dem Lycée bis kuerz viru 15 Auer an der Schoul hu misse bleiwen a kee konnt d'Gebai verloossen, bis de CGDIS Entwarnung ginn huet.

© RTL Mobile-Reporter