Ëmmer méi Kanner a Jugendlecher hei am Land vun Obesitéit betraff
Iwwergewiicht an Obesitéit ginn ëmmer méi zu engem Gesellschaftsproblem, och zu Lëtzebuerg.
Et gëtt vun enger chronescher Krankheet geschwat, vun där och ëmmer méi Kanner a Jugendlecher betraff sinn. Bei iwwergewiichtege Mannerjärege kënnt et bei Behandlungen awer op méi wéi just d’Gewiicht am Verhältnis zur Gréisst un. Méiglech Pathologien, déi mam Iwwergewiicht zesummenhänken, kënnen Diabetes, kradivaskulär Problemer oder Otemschwieregkeete sinn. Vill jonk Patiente géifen awer och iwwer Mobbing kloen.
Fir deene Concernéierten adequat kënnen ze hëllefen, hunn d’Kannerklinik vum CHL, d’Jugendpsychiatrie vun den Hôpitaux Robert Schuman an de Rehazenter um Kierchbierg scho virun e puer Joer gemeinsam de Projet Motor (MOving TOgetheR) an d’Liewe geruff. Doduerch gëtt multidisziplinär geschafft, fir iwwergewiichteg Kanner a Jugendlecher ze betreien. Vun der medezinescher Hëllef, iwwer Iess- a Beweegungsprogrammer bis hin zur psychologescher Aarbecht.
D'Zuel vun obèse Kanner, déi bis ewell iwwert de Motor Programm suivéiert ginn, ass awer extrem limitéiert. Dat, well de Reseau nach net komplett en place ass. Et géif souwuel u Personal wéi u Strukture feele fir dem Besoin gerecht ze ginn.
Un d’Politik ass et den Appell op Preventioun ze setzen an net op de falsche Plazen ze spueren.