"Et läit an den Hänn vun de Wieler, fir eng aner Politik an dësem Land"
Am Tramsschapp um Lampertsbierg huet d'CSV e Samschdeg op engem Konvent hir Lëschte fir d'Nationalwalen ugeholl.
Dat mat 92 % vun de Stëmmen, keng vun de 4 Bezierkslëschte gouf eestëmmeg ugeholl.
Mat enger Nouveautéit geet d'CSV an d'Chamberwalen eran. Fir d'éischte Kéier ginn et bei deene Chrëschtsozialen Duebelspëtzten an de Bezierker - dës sinn awer net paritéitesch besat.
Am Zentrum ass dëst nieft dem nationale Spëtzekandidat Luc Frieden d'Co-Presidentin Elisabeth Margue, am Süden den Duo aus den Deputés-Maires Georges Mischo a Gilles Roth, am Norden d'Martine an de Christophe Hansen an am Osten den Duo Léon Gloden a Max Hengel.
D'Lëschte vun de 60 Kandidate goufen e Samschdeg de Moien um CSV-Konvent um Lampertsbierg guttgeheescht, woubäi bal all d'Députés-sortants nees mat an d'Wale ginn. D'Ausname sinn de Jean-Marie Halsdorf, dee jo Péitenger Buergermeeschter ass, an de laangjäregen Deputéierten Ali Kaes, dee seng politesch Pensioun hëlt.
Vill Lokalpolitiker op de Lëschten
Queesch uechter d'CSV-Lëschte sinn natierlech ganz vill lokal gewielte Politiker ze fannen, wéi am Zentrum den Hesper-Tandem Marc Lies-Diane Adehm, de Buergermeeschter Vincent Reding (Weiler zum Tuer) oder och d'Stater Conseillère Emilie Costantini an de Schäffe Maurice Bauer.
Dernieft sinn am Zentrum och den Apdikter Alain de Bourcy, de Bäckermeeschter Jean-Marie Hoffmann, déi jonk Hotelière Marie-Laure Goeres an d'Affekotin Danira Mustafic op der CSV-Lëscht vertrueden.
2018 hat de Claude Wiseler am Zentrum iwwer 27.000 Stëmme kritt. Déi deemoleg Véiertgewielt Viviane Reding hat jo ewell hiert Deputéierte-Mandat ofginn an ass net méi an de Walen dobäi. Och net op der Lëscht vertrueden ass den neigewielte Buergermeeschter vu Nidderaanwen Fred Ternes.
2018 krut d'CSV siwe Mandater am Zentrum
Am Süden hat d'CSV 2018 mat 27% vun de Stëmmen och siwe Mandater kritt. Meeschtgewielte waren deemools de Marc Spautz an de Felix Eischen mat jeeweils knapp 29.000 Stëmmen. Wéi gesot heescht de Spëtzekandidaten-Duo elo Georges Mischo-Gilles Roth. Newcomer op der CSV-Südlëscht ass den SNPGL-President Pascal Ricquier.
All aner Kandidaten haten ewell um lokalen Terrain mat der Gemengepolitik ze dinn, wéi zum Beispill déi jonk Diddelenger Conseillère Françoise Kemp, d'Nathalie Morgenthaler aus dem Suessemer Conseil, d'Déifferdenger Emina Ceman, de Guy Tempels an den Escher Schäffe Christian Weis.
Net mat an d'Landeswale ginn awer zum Beispill d'CSV-Buergermeeschtere vu Monnerech, Schëffleng a Keel - Jeannot Fürpass, Paul Weimerskirch a Jean Weiler.
Am Norden huet d'CSV 32 Prozent a véier Mandater ze verdeedegen - de Co-Spëtzekandidat vum Martine Hansen, den EU-Deputéierte Christophe Hansen, war 2018 nach net mat an d'Landeswalen.
Marco Schank an Aly Kaes feelen
Iwwerdeems si mam Marco Schank an Aly Kaes zwee politesch "éminences grises" net méi dobäi, déi 14.000 an 12.000 Stëmme kruten.
Mat an d'Wale ginn am Norde fir d'CSV ënner anerem déi nei Buergermeeschtere Myriam Binck ep. Schaack (Rammerech) a Charel Weiler (Dikrech), d'Ex-Buergermeeschteren Emile Eicher a Jean-Paul Schaaf, grad wéi de Jeff Boonen vu Biekerech, déi 2. Schäffin vu Groussbus-Wal, Anne Steichen an den 2. Schäffe vu Buerschent Jim Leweck.
D'Männer-Spëtzt vun der CSV am Oste sinn de Maacher Député-Maire Léo Gloden an de Wuermer Buergermeeschter an Deputéierte Max Hengel.
Op der Musel sinn dräi Mandater ze verdeedegen. Dat allerdéngs ouni d'Françoise Hetto-Gaasch, déi dëst Joer net méi mat an d'Wale geet.
Op der CSV-Ost-Lëscht sinn nieft der Deputéiert Octavie Modert an der Rousperter Buergermeeschtesch Stéphanie Weydert de Lënster Schäffe Raphaël Schmitz, d'Réimecher Schäffin Rita Wallerich an den Iechternacher Conseiller Ricardo Marques vertrueden.