
Den aktuelle Logements- a Policeminister, dee bei de Walen 2018 mat net grad 6.000 perséinleche Stëmmen hannert der Carole Dieschbourg Zweetgewielte bei de Grénge gouf, an d’Deputéiert féieren d’Lëscht vun den am ganze siwe Kandidatinnen a Kandidaten un. Déi 35 Joer al Chantal Gary war bei de leschte Wale mat eppes iwwer 4.300 Stëmmen déi Drëtt bei hirer Partei am Oste ginn. Si war am Oktober 2019 an d’Chamber nogeréckelt, nodeems hire Monni Henri Kox Regierungsmember gouf.
De familiäre Lien géif hinnen net am Wee stoen, sollte si allebéid an d’Chamber gewielt ginn.
Nieft dem Spëtzenduo fënnt een nach déi 65 Joer al Fernande Klares-Goergen op der Lëscht vun deene Gréngen am Osten. Si ass Gemengerotsmember zu Betzder.
Den 30 Joer ale Conseiller vun Iechternach, Christophe Origer, kandidéiert och. Hie war jo eréischt um Enn vum leschte Joer vun der CSV bei déi Gréng gewiesselt. Et si fir hien déi éischt Chamberwalen.
De Max Pesch, Gemengerotsmember zu Bech, ass op der Lëscht vertrueden, grad ewéi d’Co-Spriecherin vun déi jonk Gréng, Amy Winandy a Carole Zeimetz, Conseillère an der Gemeng Iechternach.
D’Altersmoyenne op der Grénger Lëscht am Oste läit bei 43 Joer. Et kandidéiere véier Fraen an dräi Männer.
Sief nach präziséiert, dass déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg net méi op der Lëscht vun deene Gréngen am Osten ass. Si hat 2018 gutt 9.700 Stëmme kritt. Och de Fënneftgewielte Meris Sehovic ass net méi op der Ost-Lëscht ze fannen. Dee kandidéiert jo déi Kéier als Spëtzekandidat am Süden.