Et war en Dënschdeg den zweeten a leschten Dag vun der Visitt vum däitsche Bundespresident Frank Walter Steinmeier zu Lëtzebuerg.

Fir d'Delegatioun ass et en Dënschdeg an de Süden op de Campus Belval gaangen. Am Fokus stoung do ënner anerem d'Recherche zu Neuro-Degenerative Krankheeten.

De Belval huet sech an de leschte Joren zu engem Zenter fir d'Fuerschung zu Neuro-Degenerativen Krankheeten, wéi Alzheimer oder Parkinson, entwéckelt.

Den Dr. Rejko Krüger ass Direkter vum Departement Transversal Translational Medezin a fuerscht zanter 2014 zu Lëtzebuerg ënner anerem u Parkinson a sicht no Ursaachen fir d‘Verklompungen am Gehier. Bei der Parkinsonkrankheet stierwen Nervenzellen am Gehier of a verursaachen déi typesch Symptomer wéi Zidderen, Beweegungsaarmut a Steifheet.

D’Fuerschung um Belval erméiglecht et souzesoen, e Bléck an d’Gehier vun deene Kranken ze geheien an ze testen, op wéi een Traitement se uspriechen. Dobäi hëlleft hinnen eng speziell Maschinn. D’Krankheetsmodelléierung- a Medikamententwécklungsplattform, extra entwéckelt fir de Luxembourg Center of for Systems Biomedecine (LCSB).

Mat där kann een aus Haut-Zelle vu Versuchspersounen déi Nervenzellen noprogramméieren, déi bei der Parkinson-Krankheet ze séier alteren:

"Normalerweise kann man die Parkinsonkrankheit erst nach dem Tod diagnostizieren, weil man dann die charakteristischen Veränderungen sieht. Mit unserer Methode können wir die Zellen schon früher im Labor darstellen und Medikamente finden, die die typischen Abdrücke, die Fingerabdrücke, für die Parkinsonkrankheit, wieder rückggängig machen können."

Dat kann een da fir déi verschidden Zorte vu Parkinson maachen - et schätzt een, dass et bis zu 40 Variante gëtt. Anescht wéi dacks ugeholl, léist Parkinson net just en Zidderen, mee grad wéi Alzheimer och Demenz aus. Rezent gouf et an der Recherche zu Alzheimer en Duerchbroch, wéi d’Medikament Lecanemab fir den amerikanesche Marché zougelooss gouf. Et ass dat éischt Medikament, dat Alzheimer - wann och just ganz begrenzt - phält an net just d’Symptomer behandelt.

Den Entwécklungsusaz fir dat Medikament wier och fir d’Parkinson-Fuerschung interessant, d’Medikament selwer awer net direkt iwwerdrobar, erkläert den Dr. Rejko Krüger. Dofir wieren déi zwou Krankheeten ze ënnerschiddlech:

"Bei der Parkinsonkrankheit gibt es leider eine Tendenz zur Demenz. Was aber sicher ist, ist, dass das Eiweiss, das einen Fingerabdruck abbildet und verklumpt, ein unterschiedliches ist. Bei der Alzheimerkrankheit nennt man das A-Beta, bei der Parkinsonkrankheit nennt man das Alpha-Sinuclein. Ein Neuropathologe, der ins Gehirn schaut, kann anhand der Proteine erkennen, welche Krankheit vorgelegen hat."

Aktuell leeft an dem Kader zu Lëtzebuerg eng international Etüd, bei der och sechs Persounen aus Lëtzebuerg matmaachen. Et géif een Antikierper géint déi Verklompunge ginn an hoffen, doduerch d’Krankheet ze bremsen.

D‘Recherche gëtt nach bis dëst Joer vum Fond national de la Recherche mat 12 Milliounen Euro ënnerstëtzt, ma fir eng nächst Period wier ee scho mat aneren Acteuren am Gespréich, wéi zum Beispill d'Michael J. Fox Foundation. U Lëtzebuerg schätzt den Expert Krüger, dass alles méi séier an manner bürokratesch wier, wéi beim groussen Noper Däitschland.