Op Invitatioun vum groussherzoglechen Haff ass déi däitsch Presidentekoppel um Méindeg an Dënschdeg op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg.

D'Visitt zu Lëtzebuerg steet ganz am Zeeche vun der neier Verfassung, déi jo zanter dem 1. Juli a Kraaft ass, awer och der "enker Frëndschaft" tëscht deenen zwee Länner. Et ass déi éischt Visitt vum Frank Walter Steinmeier als Bundespresident. Fir d'lescht war säi Virgänger Joachim Gauck 2014 am Grand-Duché.

De Frank-Walter Steinmeier huet Lëtzebuerg e Méindeg op enger Pressekonferenz als "enken an zouverlässege Partner" bezeechent.

Grenzen zou wärend Pandemie

Seng Visitt ass och déi éischt vun engem Bundespresident zanter der Pandemie an den zouene Grenze fir vun Däitschland op Lëtzebuerg. Dorop huet de Bundespresident reagéiert a gesot, et hätt een de Problem jo geléist. D'Fro, ob dat e Feeler war, déi gouf net mat Jo oder Nee beäntwert. Déi Mesurë wieren dee Moment entstanen, well een d'Bevëlkerung hätt wëlle schützen. Amplaz d'Fro ze stellen, ob dat e Feeler war, misst ee sech éischter drop fokusséieren, dass dee Problem aus der Welt geschafft gi wier.

RTL

© Luc Rollmann

Méi Teletravail fir däitsch Frontalieren

E weidert Thema war dat rezent Ofkommes iwwert den Teletravail. Deemno kënnen däitsch Frontaliere vun 2024 un och 34 Deeg am Joer Homeoffice maachen, ouni Duebel besteiert ze ginn. Virdru waren et der nëmmen 19.

Dass Lëtzebuerg e finanziellen Ausgläich un Däitschland bezuele soll, huet de Premier Xavier Bettel net confirméiert. Amplaz géif ee sech un der Finanzéierung vu gemeinsame Projeten an der Grenzregioun bedeelegen an op eng besser Zuchverbindung iwwert d'Grenz hoffen.

"Wann et Lëtzebuerg gutt geet, geet et och Däitschland gutt, an ëmgedréint", erkläert de Premier.

E Méindeg am spéiden Nomëtteg steet nach eng Visitt am CGDIS-Zenter zu Bouneweg un. Dat, well de Lëtzebuerger CGDIS bei den uergen Iwwerschwemmungen am Ahrdall gehollef hat.

RTL