"D’Kanner mussen nees vill méi an de Mëttelpunkt kommen"

© Pierre Weimerskirch
D'Isabelle schafft zanter 13 Joer als Léierin an ass och gewerkschaftlech beim SNE aktiv. Mat hir hu mer iwwert hire Beruff an d'Erausfuerderunge geschwat.
"D’Kanner si ganz authentesch", dat ass eng vun den Haaptursaachen, wisou Si de Beruff gewielt huet. Den Alldag mat de Kanner wier ganz spannend, keen Dag wier wéi deen aneren.
"Ech si selwer gären an d’Schoul gaangen"
Als Enseignant kéint een e klengen Deel zum Lëtzebuerg vu muer bäidroen a Si wier selwer och gären an d’Schoul gaangen. D’Bibliothéik, an där mer den Interview gemaach hunn, ass e Projet, dee virun zwee Joer, wéi Si op Alzeng an déi nei Schoul komm ass, vun hir mat op d’Been gestallt gouf. Den Interview war ee ganz éierlechen, d’Engagement vun der Léierin, déi een Cycle 2.1 dëst Joer hat, huet ee gespuert. Um leschte Schouldag waren och d’Elteren invitéiert, fir zesumme Kaffi ze drénken. D’Eltere wieren ee ganz wichtegen Deel am Léierprozess vun de Kanner. Als Enseignant briecht een d’Ënnerstëtzung an d’Vertraue vun den Elteren.
Vu 14 Schüler hunn der zwee Lëtzebuergesch als Mammesprooch
De sproochlechen Defi wier a ville Schoule grouss. Ëmmer méi Kanner géife kee Lëtzebuergesch Doheem schwätzen. Bei hir an der Klass schwätzen zwee vu 14 Schüler Lëtzebuergesch Doheem. De Schoulsystem géif do u seng Grenze stoussen. D’Alphabetiséierung op Franséisch wier do nëmmen een Deel vun enger Léisung.
"Vill Famillje kommen op Lëtzebuerg, fir ze bleiwen"
Zanter 13 Joer ass d’Isabelle Loewenstein Léierin. An de Jore wier hir opgefall, dass déi meescht Familljen, déi op Lëtzebuerg kommen, sech och hei wéilten néierloossen. Dat wier nach viru Joren anescht gewiescht.
“Soss si mol Kanner bäikomm aus dem Ausland, déi no kuerzer Zäit nees fortgaange sinn. Eppes, wat ee virun allem am Cycle 1 konnt feststellen. Mëttlerweil gesäit een awer, dass vill Familljen op Lëtzebuerg kommen, fir ze bleiwen."
Dat wier eng aner Situatioun. Hei wieren d’Schoul an de non-formale Bildungsberäich dacks déi eenzeg sozial Kontakter, déi dës Famillen hunn.

© Pierre Weimerskirch
"Mir hunn ëmmer méi Kanner, déi Problemer hunn"
Leider misst een och feststellen, dass d’Situatiounen an de Familljen allgemeng méi schwiereg gëtt. D’Kanner géife vill Konflikter doheem erliewen, eppes wat sech an der Schoul zréckspigelen, esou d’Invitée am Sonndesinterview. D’Zuel u Kanner mat spezifesche Besoine géif zouhuelen.
Als Gesellschaft misste mer eis d’Fro stellen: "Wou ass haut nach d’Plaz vum Kand?"
"De Beruff vum Enseignant muss méi visibel ginn"
Wann een net wéisst, wat de Beruff "Enseignant" ass, kéint ee sech och net dofir begeeschteren. D’Diere vun der Schoul misste méi opgemaach ginn, fir besser ze weisen, wat iwwerhaapt an de Schoule leeft, esou d’Isabelle Loewenstein.
Wéi gesäit déi ideal Schoul aus?
Wat wëll d’Kand?, dës Fro misst een an de Mëttelpunkt stellen, wann ee sech eng ideal Schoul wéilt virstellen. Kanner si gären an der Natur, se Spiller gären. Da misst een och do usetzen: Am Spille kann ee ganz vill "Léiermomenter" verstoppen, ouni dass een et géif matkréien. Déi mental Gesondheet vun de Kanner am Personal misst am Fokus stoen.

Iwwert de Summer hu mer eng Serie vu politesche Sonndesinterviewen, den Optakt maache mer nächst Woch mam Premier Xavier Bettel.