Op falscher Adress ofgesatFra stoung bal 4 Stonnen eleng beim Stellwierk zu Beetebuerg

RTL Lëtzebuerg
Zanter Kuerzem zirkuléiert an de soziale Reseauen eng Foto vun enger Fra am Rollstull, déi soll op der falscher Plaz vun Adapto ofgesat gi sinn.

An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro confirméiert den Transportminister François Bausch dës Faiten dann och e Méindeg am Nomëtteg a präziséiert, dass déi betreffend Persoun de 15. Juli op der falscher Plaz wéi ofgemaach, ofgesat gouf. No 3 Stonne Verspéidung wär de Service kontaktéiert ginn, well d’Fra ëmmer nach net op hirer Destinatioun ukomm wier.

D’Persoun, esou an der Äntwer vum Minister, hätt an sech guer net dierften transportéiert ginn, well eng Begleetpersoun hätt missten dobäi sinn, an dat wier hei net de Fall gewiescht. E Member vun der Famill, esou Adapto, wär dobäi gewiescht, wéi d’Persoun an de Shuttle erageklomme wier an dem Fuerer wier verséchert ginn, dass eng aner Persoun vun der Famill bei der Destinatioun wier, fir se ofzehuelen. Wärend der Faart soll de Chauffeur dunn awer eng nei Destinatioun vum Client kritt hunn, dat iwwert e System. Dës Ännerung gouf och a Récksprooch nach eemol confirméiert.

Schlussendlech huet de Minister nach eemol hei ënnerstrach, wéi wichteg eng permanent Begleetpersoun a sou Fäll ass, fir dass ebe grad evitéiert gëtt, dass esou Fäll, déi schlëmm fir d’Persoun selwer an d’Famill sinn, virkommen.

Mir hu Kontakt mat der Duechter opgeholl, déi dëst op Facebook verëffentlecht huet, fir eis ze erklären, wéi et zu dësem Virfall komm ass.

Hir Mamm géif zanter Joren de Service Adapto notzen an et hätt een nach ni Problemer gehat, esou d’Michèle Reuland. Si wier mat hirer Mam e Samschdeg an enger Grande-Surface gewiescht, duerno wier d’Fra vum Service Adapto nees zréck op Beetebuerg an d’Fleegeheem gefouert ginn. Wéi se do awer net ukomm ass, krut si een Uruff aus dem Heem.

“Mäi Brudder an och d’Personal sinn dunn no hir siche gaangen a mir hunn och d’Police kontaktéiert. Et gouf och versicht, iwwer d’Urgence-Nummer vum Adapto eppes gewuer ze ginn, mee och do si mer net virukomm.”

No e puer Stonne gouf d’Fra vun 73 Joer vu Mataarbechter vun den CFL fonnt, dat wéi si op hir Nuetsschicht komm sinn.

D’Foto, déi den Ament an de soziale Reseauen zirkuléiert, ass gemaach ginn, fir ze dokumentéieren, wou hir Mamm ofgesat gouf.

D’Annick Trmata ass Sous-Direktesch vun der Verwaltung fir den ëffentlechen Transport (ATP), de Virfall vum Weekend géif ee ganz eescht huelen. Et wier ee bedauerlechen Tëschefall gewiescht.

.

An dësem konkrete Fall, wier eng Begleetpersoun beim Trajet virgesi gewiescht, déi awer net matgefuer ass, esou d’Annick Trmata. De Chauffer hätt esou d’Client net dierfe mathuelen a missen drop bestoen, dass d’Fra vun 73 Joer eng Begleedung hätt misse bei sech hunn. Den Informatioune vun der Verwaltung no hätt de Client dem Chauffer en Cours de route eng aner Informatioun ginn a punkto Destinatioun, ewéi dat wat gebucht war.

.

Et kéint een op alle Fall net novollzéien, dass de Chauffer d’Persoun do raus gelooss huet. De Chauffer an d’Busfirma wieren och zur Rechenschaft gezu ginn, heescht et vun der zoustänneger Administratioun. Esou wuel d’Verwaltung, wéi d’Busentreprise an de Chauffer géifen de Virfall bedaueren. Et géif een nach emol iwwerall den Appell maachen, dass ee sech un Instruktioune muss halen.

Äntwert vum Minister François Bausch op déi entspriechent parlamentaresch Fro am PDF

Back to Top
CIM LOGO