Neit Cannabis-Gesetz vun e Freideg un a Kraaft

Nodeems dat neit Gesetz iwwer de Konsum an Ubau vu Cannabis e Méindeg am Memorial publizéiert gouf, wäert et den 21. Juli 2023 a Kraaft trieden.
E Méindeg gouf d'Gesetz vum 10. Juli 2023 fir d'Ännere vum Gesetz vum 19. Februar 1973 iwwer de Verkaf vu medezinesche Substanzen an der Bekämpfung vun der Drogenofhängegkeet am Memorial verëffentlecht. De véierten Dag no der Publikatioun trëtt d'Gesetz a Kraaft, dëst ass e Freideg, den 21. Juli 2023. Dat huet de Justizministère en Dënschdeg de Moien an engem Communiqué wësse gedoen.
Pro Stot dierfen Erwuessener da bis zu véier Cannabisplanzen doheem grouss zéien. Donieft ginn d'Strofe fir de Besëtz vu klenge Quantitéiten erof. De Konsum an der Ëffentlechkeet bleift verbueden. Gëtt ee mat manner wéi 3 Gramm op sech erwëscht, ass eng Amende vun 145 Euro méiglech. Driwwer geet et bei de Parquet.
D'Erlabnis fir de privaten Ubau an de Konsum am private Raum sollen eng éischt Etapp sinn. An enger zweeter Etapp soll et eng national Produktiouns- an Handelskette ginn. Et ass weider geplangt, datt all Resident iwwer 18 Joer op 14 Plaze bis zu 30 Gramm Cannabis de Mount däerf legal kafen. Eng zweet Phas hänkt och vun der nächster Regierung of.