An der militärescher Hierarchie opzesteigen, wier keen neie System, seet de François Bausch, an hätt och näischt mat de Pai beim Staat ze dinn.

En "No go" fir d'Staatsbeamtegewerkschaft

Dat wier der Staatsbeamtegewerkschaft no en "No go". Déi zoustänneg Ministere Bausch an Hansen hätte leschte Freideg an enger Entrevue gesot, dass si sech un de leschte Gehälteraccord géingen halen an dofir solle si dat och elo a Musek ëmsetzen an den Text aus dem Gesetz sträichen. Am leschte Gehälteraccord wier nämlech ausgehandelt ginn, dass een de Bewäertungssystem am ganze Staatsdéngscht géing fir den 1. Januar dëst Joer ofschafen.

Sollte si dëst elo 6 Méint duerno nees réckgängeg maachen, wier dat e schlechte politesche Stil vun der Dräier-Koalitioun an dofir géing d'CGFP elo eng Conciliatioun an d'Weeër leeden. Et géing ee sech mat alle Mëttele géint eng Fragmentéierung vum ëffentlechen Déngscht wieren, heescht er am Communiqué. Donieft fuerdert d'Gewerkschaft, dass d'Deputéiert dee Passage aus dem Gesetzestext sträichen, iert se driwwer ofstëmmen.

Minister Bausch: Gesetzestext iwwerhëlt eegene System vun der Arméi

An der militärescher Hierarchie opzesteigen, wier keen neie System. D'Statutte géifen zanter bal 70 Joer e Bewäertungssystem virgesinn. De Gesetzestext géif deemno just der Arméi hiren eegene System iwwerhuelen. Dat schreift den Arméisminister François Bausch an enger Reaktioun op d'Kritik vun der CGFP.

Dëse Bewäertungssystem vun der Arméi wier essentiel fir d'Sécherheet vun de Membere vun der Arméi am Asaz ze garantéieren. Mat engem méi héije Grad, kéim och méi Responsabilitéit, dorënner déi, fir dat eegent Liewen an dat vun der Unitéit. Et misst deemno gekuckt ginn, ob déi concernéiert Leit déi néideg Kompetenzen a Charakteristike fir esou eng Positioun matbréngen, esou de Minister.

Donieft bräicht een och esou e System, fir vis-a-vis vun internationale Partner credibel ze bleiwen, déi alleguer esou en Appréciatiounssystem hätten.

A militäresche Graden opzesteigen, hätt iwwerdeems och keen Afloss dorobber, ob een an de Grade beim Staat virukënnt an deemno och net op den Niveau vun der Pai.

De Minister bedauert dann och, dass ee keen Accord mat der CGFP dozou fonnt hätt, an dat obschonn d'Regierung zu kengem Ament de Gehälteraccord a Fro gestallt hätt.

Fir de Generol Steve Thull, de Chef vun der Lëtzebuerger Arméi ass dat neit Gesetz wat dës Woch soll an der Chamber gestëmmt ginn, ee méi modernt. Am RTL-Interview kann hien d’Kritik um Gesetz net novollzéien.

Generol Steve Thull
Evaluatioun an der Arméi wier wichteg

An de nächsten Deeg publizéiere mer en Interview mam Generol Steve Thull iwwert déi aktuell Lag an der Ukrain an iwwert de Roll vu Lëtzebuerg an der NATO.