Neit Arméisgesetz ass e Gesetz vun de verpasste Chancen
En Dënschdeg de Moie war dat neit Arméisgesetz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Ee vun de Gesetzprojeten, déi am Laf vun der Woch nach ustinn, ass och dat neit Arméisgesetz. "Mir fannen, dass dat ganz séier geet an hoffen, dass et net iwwert de Knéi gebrach gëtt. Wéi d'Gesetz elo virläit, ass et fir eis d'Gesetz vun de verpasste Chancen." Dat sot de Christian Schleck de President vun der Arméisgewerkschaft, en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
D'Arméi hätt e modernt Gesetz gebraucht. De SPAL stéiert sech virun allem um Bewäertungssystem, dee virgesinn ass. Firwat esou e System, wann en an der Fonction publique u sech nees ofgeschaaft gouf, freet ee sech. Rieds geet vum Term vun der Ethik. Dat wier awer e Begrëff, deen ee kéint zéie wéi e Lastik, kritiséiert de SPAL. D’Bewäertung hätt ee carrement gären aus dem Gesetz eraus. Donieft soll eng Primm agefouert ginn, déi awer net fir all Mënsch gëllt. Do fuerdert d‘Gewerkschaft Primme vum Zaldot bis béi den Offizéier.
De Statut vum Zaldot méi valoriséieren
Et ginn awer och positiv Aspekter um neien Arméisgesetz, notamment dass nei Karriären agefouert ginn. De B1 an den A2. Dat wier extrem wichteg. Do wier een hannendra par rapport zum Rescht vun der Fonction publique, sou de Christian Schleck. Allerdéngs wier och hei verpasst ginn, de Statut vum Zaldot generell ze moderniséieren. Zum Beispill hätt een do d'Karriär C2 kéinten aféieren. De Verdeedegungsminister setzt mam neien Arméisgesetz drop, dass ee méi Zaldote kéint rekrutéieren, well ee besser Karriärschancen a besser Bezuelungsméiglechkeeten hätt. Dat gesäit de President vum SPAL awer anescht. Mat der Aféierung vun neie Karriären heescht dat net, dass een duerno méi Zaldoten huet. Dat eenzegt, wat fir d‘Zaldote mam Gesetz erausgeschloe gouf, wier nämlech, dass hire Kontrakt, hiren CDD, vun 3 op 4 Joer eropgesat gouf an dat géing awer net d‘Attraktivitéit vum Beruff eropsetzen. Een Zaldot kéim net an d‘Arméi, fir do e Liewe laang ze bleiwen, mee meeschtens kéim en, fir duerno aner Perspektiven ze hunn.
Et feelt un engem Rekrutéierungsplang
Skeptesch gesäit ee bei der SPAL iwwerdeems och d’Zuel vun Zaldoten, déi am neie Belsch-Lëtzebuergeschen NATO-Reconnaissance-Batailloun sollen opgestallt ginn. Dat wieren der relativ vill, an et freet ee sech, wou déi Leit sollen hierkommen. 375 Zaldote solle bis 2030 aus dem Grand-Duché kommen. Et géing un engem Rekrutéierungsplang feelen. Et hätt een duerno gefrot, mee bis ewell wier keng Äntwert komm, sou de Christian Schleck. De Statut wier op alle Fall den A&O fir nees méi Zaldoten ze rekrutéieren.
Fuerderungen en vue vun de Walen
Wann d‘Arméisgesetz e Freideg gestëmmt gëtt, wou sech de SPAL net prinzipiell dogéint ausschwätzt, da misst an enger nächster Regierung awer op alle Fall nach eemol iwwer de Statut vum Zaldot diskutéiert ginn. En vue vun de Walen an der Envergure, déi d‘Defense den Ament kritt, fuerdert d‘Gewerkschaft iwwregens och een eegestännege Verdeedegungsministère. Donieft wier et och gutt, d‘Positioun vun engem "Wehrbeauftragten" ze schafen, also eng neutral an onofhängeg Instanz tëscht der Defense an dem Parlament, sou de Christian Schleck.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.