
Beim Mann handelt et sech RTL-Informatiounen no ëm en eeleren Här. Op Nofro krute mer vum Parquet matgedeelt, dass eng Friemawierkung kann ausgeschloss ginn. Iwwerdeems krute mer och d’RTL-Informatioun confirméiert, dass de Weier an deem de Mann fonnt gouf, him selwer gehéiert huet.
D’Police hat schonn um Donneschdeg matgedeelt, dass een d’Identitéit vum Mann ermëttele konnt.